Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Fabiana Palladino - I Can't Dream Anymore

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Den nationalistesche Fuerz am Kapp

Fräie Mikro

Den nationalistesche Fuerz am Kapp

Wéi ass et méiglech, datt e méisproochegt Land, wat sech als "dynamesch, oppen an zouverlässeg" presentéiert, Sproochenufuerderunge virschreift, déi zéngdausenden Immigranten nët kënnen erreechen? Déi Fro stellt den Denis Scuto.

auto_stories

4 min

Ech wéilt haut ufänke mat enger perséinlecher Geschicht. Der Geschicht vu mengem Papp. Eng Geschicht vun Immigratioun a vun Integratioun, wéi dëst Land der Zengdausende kannt huet a kennt. Honnertdausenden eigentlech, wann ee sech d'Zuel vun Auslännerdossieren ukuckt, déi d'Friemepolizei vun 1893 bis 1972 ugeluecht huet. Eng Millioun Auslänner sinn an deem Zäitraum vun 80 Joer hei op Lëtzebuerg immigréiert.

"Aarmutt ass eppes Onvirstellbares"

Ee vun dësen Honnertdausenden huet "Salvatore Scuto" geheescht. Gebuer 1941 zu Catania a Sizilien. Säin Aarbechtsliewen ass mat 9 Joer ugaang. Do huet hie misse mat der Primärschoul ophalen, fir als Laufbursche an enger Epicerie zu Catania ze schaffen. Mat 14 Joer, 1956, ass hien do bei säi Monni Vito gezunn, wäit ewech vu Sizilien, an der Lorraine, zu Hayange, wou hien op der Schmelz ugefaangen huet. Wa mer spéider a Sizilien an d'Vakanz gefuer sinn, hunn ech ni verstan, wéi hien esou e schéint Land konnt verloossen. Mäi Papp huet mir do vun der Aarmut an de 50er Jore geschwat, ouni datt ech mir dat konnt virstellen. Aarmut ass iergendwéi eppes Onvirstellbares fir een, deen net aarm ass.

Als Monteur-Voltigeur huet hien dono op verschiddene Schantecher a Frankräich geschafft, ier hien 1963 op Esch koum, fir um Konstruktiounschantier vum neien Héichuewen A zu Belval ze schaffen. Do huet hie sech an eng jonk Lëtzebuerger Vendeuse aus dem Monopol verléift an ass ni méi fort gaang. Duerch mäi Lëtzebuerger Bop, bekannte Foussballspiller an dono Trainer vun der Jeunesse an anere Cluppen, krut hien eng Plaz op Arbed Terre rouge, a seng Famill eng Sozialwunning vun der Gemeng zu Esch.

Sucess Story: Integratioun ouni Lëtzebuergesch

Lëtzebuerg ass seng Heemecht ginn, déi et him erlaabt huet, eng Existenz opzebauen. Souvill, datt hien ëmmer manner Loscht hat zréck an Italien ze goen, e Land wat him friem gi war. Wéi seng Bouwe fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit optéiert hunn, huet hie sech och naturaliséiere gelooss. Dat ass deemools, an den 80er Joren, nach gaangen, wann ee wéi hie bal kee Lëtzebuergesch geschwat huet. Hien hat zwar decidéiert, fir d'Integratioun vun senge Kanner an dësem méisproochege Land ze erliichteren, mat eis doheem net Italienesch mee Franzéisch ze schwätzen. Mee Lëtzebuergesch huet en eréischt (e bësse) geschwat, nodeems seng Enkelkanner an den 1990er Joren op d'Welt koumen.

Wéi gesot, et ass eng Geschicht ënner zéngdausenden, d'Geschicht vun enger Immigratioun an enger progressiver Integratioun an d'Strukture vun der Lëtzebuerger Gesellschaft: Aarbechts- a Wunningsmaart, sozial Kommunikatiounsnetzer, politesch Gemeinschaft asw. "Luxembourg as an Immigration Success Story" huet den amerikanesche Politolog Joel Fetzer dat zurecht genannt. Eng Success Story, op déi mir all hei zu Lëtzebuerg houfreg kéinte sinn.

Ech hätt dofir eng Fro: Kann ee mir erklären firwat zéngdausenden integréiert Immigranten hei zu Lëtzebuerg mëttlerweil net méi d'Lëtzebuerger Nationalitéit kënne kréien? Mäi Papp huet dësem Land seng Aarbechtskraaft, seng Gesondheet, dräi Kanner a siwen Enkelkanner geschenkt. Mee Lëtzebuergesch konnt hien nach net, wou hie seng Demande gemaach huet fir naturaliséiert ze ginn. An a Coursë goen, fir et ze léiere war fir dëse Mann ouni Primärschoulofschloss, bei deem d'Arbed-Instrukteren an de Coursë fir de Schweesserdiplom schonn een Aen zougedréckt hunn, net méiglech. Zéngdausenden Immigranten, an der Haaptsaach aus Portugal, sinn haut an der selwechter Situatioun wéi mäi Papp. Weder hir Aarbechtskonditiounen, nach hire Bildungsniveau erlaben et hinnen, en Niveau A2 oder B1 an der Lëtzebuerger Sprooch z'erreechen. Mee och am neie Gesetzesprojet si keng sozial Kritären a puncto Sprooch virgesinn.

Gesonde Mënscheverstand oder nationalistesche Fuerz?

Wéi de Conseil d'Etat et nach 1986 ausgedréckt huet: "L'obligation de produire des certificats prouvant leur connaissance du luxembourgeois crée un obstacle supplémentaire, qui est surtout difficile à franchir par les travailleurs manuels, en dépit des services manifestes qu'ils ont souvent pendant de nombreuses années rendu et rendent toujours d'une façon permanente à la communauté luxembourgeoise." Mee deemools hunn Deeler vun der politescher Elite nach dem gesonde Mënscheverstand Virrang ginn. Haut lauschtere mir léiwer op den nationalistesche Fuerz am Kapp. Mee dee Fuerz ass natierlech dynamesch, oppen an zouverlässeg.