Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltgeschicht per Twitter

Fräie Mikro

Weltgeschicht per Twitter

Den US-President Trump huet d'Gewunnecht mat kuerzen an dacks oniwwerluechten Texter Stellung zu Entwécklungen ze bezéien, déi komplex a schwiereg sinn. Ee Beispill dovunner ass säin Tweet iwwer d'Golan-Héichten op der Grenz vun Israel a Syrien.

auto_stories

4 min

D'Simone Beck mécht sech Gedanken zu den Twittermessage vum Donald Trump. Foto: Archiv

An engem Crashcours kritt een a kuerzer Zäit déi wichtegst Informatiounen an engem spezielle Gebitt. An esou e Crashcours - säin Ausdrock - hat den Donald Trump virun e puer Woche vun engem eminente Spezialist kritt: vu sengem Eedem Jared Kushner.

E Crashcours mat Konsequenzen

Deen hat vu sengem Schwéierpapp den Optrag kritt, e Friddensplang fir de Mëttleren Osten auszeschaffen, zesumme mam Jason Greenblatt, engem Affekot, dee fréier fir den Trump geschafft huet an dem David Friedman, US-Ambassadeur an Israel. Déi dräi si bekannt fir hir orthodoxt Juddentum an hir bedéngungslos Ënnerstëtzung vun Israel.

Ënner dem Afloss vum Kushner gouf d'US-Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem verluecht, e Schlag an d'Gesiicht vun de Palästinenser, déi nach ëmmer Ost-Jerusalem als d'Haaptstad vun hirem Staat gesinn, dee méi wäit ewech ass wéi jee. D'amerikanesch Regierung huet och finanziell Hëllefsleeschtunge fir ONGen, déi an de besate Gebidder schaffen, gestoppt.

No engem kuerze "Exchange" mam Kushner Mëtt Mäerz huet den amerikanesche President - wéi üblech an engem Tweet - deklaréiert, et wier héich Zäit, datt d'USA d'israelesch Souveränitéit iwwer d'Golan-Héichten, déi fréier op syreschem Territoire louchen an Israel zanter 1967 besat hält, no 52 Joer géifen unerkennen. Domat ass de President onnéidegerweis an en Nascht stëppele gaangen, dat ausserdeem de syreschen Diktator Bashar Al Assad zu engem Affer mécht. Duerch e puer Wierder si jorelaang Efforte fir eng friddlech Léisung am Noostkonflikt näischt méi wäert.

Oniwwerluechte Wahlverspriechen

An dobäi bleift et net. Kuerz virun de Wahlen hat de Benjamin Netanyahu annoncéiert, hie géif déi jüddesch Siidlungen an der Westbank annektéieren. Hien huet d'Wahlen an Israel zwar gewonnen, awer déi nei Regierung kann nëmmen duerch Koalitioune mat rietsen an extrem reliéise Parteie funktionéieren, mat där awer bal d'Hallschent vun den Israeli net d'accord sinn. Wéi déi gutt Resultater vu sengem Kontrahent Benny Gantz beweisen. Et gëtt gesot, datt den Netanyahu déi Annexioune virhëlt, wa seng zukünfteg Koalitiounspartner engem Gesetz zoustëmmen, dat him eng total Immunitéit gëtt, datt hien also net kann - wéi geplangt - wéinst Korruptioun a Bedruch viru Geriicht kommen.

Eng Hand wäscht déi aner ...

Et däerf ee wuel dovunner ausgoen, datt d'Regierung Trump näischt seet, wann de Benjamin Netanyahu dëst Wahlverspriechen aléist. 2015 sot hien nach, hie wier ganz eendeiteg fir eng Zwee-Staate-Léisung, well nëmmen esou de Fridden an der Géigend kéint garantéiert ginn. Deemools war de Barack Obama President an eng Zwee-Staate-Léisung war och säin Zil. Haut hänkt den israelesche Premier säi Mäntelchen no deem neie Wand, deen him vill méi bréngt.

Camp David: Dialog- a Kompromëssbereetschaft

Wou sinn déi Zäiten, wou an Amerika en Jimmy Carter den ägyptesche President Sadat an den israelesche Premier Begin 1978 zu Camp David empfaangen huet fir dem Konflikt tëschent deenen zwee Länner en Enn ze setzen, awer och fir dem Gazasträif an dem Westjordanland en autonome Status ze ginn? Wou sinn déi Zäiten, wou de Bill Clinton am Joer 2000 den israelesche Premier Ehud Barak an de Palästinenserpresident Jassir Arafat un een Dësch bruecht huet? Deemools gouf - ënner dem Afloss vun zwee amerikanesche Presidenten - den Dialog gesicht, et gouf gelauschtert a verhandelt, an et goufe Kompromësser fonnt.

Weltgeschicht per Tweet

An et gouf net vun engem US-President, dee sech muss e Crash-Cours an Noostpolitik vu sengem onobjektiven Eedem gi loossen, iwwer de Kapp vun de Syrer iwwer d'Golan-Héichten decidéiert an iwwer de Palästinenser hiert Schicksal.

Et muss ee scho voller Suergen an eng Zukunft kucken, déi vu Leit gestalt gëtt, deene Grondkenntnisser a Geschicht an d'intellektuell Fäegkeete feelen, eng wäitsiichteg an nohalteg Politik ze maachen. Awer sech dobäi och nach d'Recht eraushuelen, per Tweet d'Weltgeschicht op d'Kopp ze stellen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.