Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Swamp Dogg - Count The Days Feat. Jenny Lewis

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Weltoppenheet verlaangt intellektuell Ustrengung

Reesen

Weltoppenheet verlaangt intellektuell Ustrengung

Dëse Weekend war zu Lëtzebuerg de Salon ''Vakanz'', an enger Zäit, wou den Tourismus boomt. Nach ni sinn esou vill Leit duerch d'Welt gereest an haten doduerch d'Méiglechkeet, aner Kulture kennenzeléieren. Mä eng nei Kultur entdecken heescht net onbedéngt, si z'erliewen, a scho guer net, si ze verstoen.

auto_stories

3 min

Laut der Welttourimusorganisatioun UNWTO sinn 2015 net manner wéi 1.181.000.000 Touriste gezielt ginn. Dat ass een absolute Rekord am Reesgeschäft. An deene leschte Joren ass d'Zuel vun den internationalen ''Arrivéeë'' jäerlech ëm minimum 4 Prozent an d'Luucht gaangen. Dëse Wuesstem ass eng gutt Nouvelle fir all déi Länner, déi wirtschaftlech staark vun der Touristebranche ofhänken, well doduerch Aarbechtsplaze geschaaft ginn, an de lokalen Handel dovunner profitéiert.

Massentourismus vs. Entdeckungsreesen

Duerch déi stänneg verbessert Transportméiglechkeeten ass d'Reesen eng Gewunnecht fir Honnerte vu Millioune vu Leit ginn. D'Mobilitéit huet sech an deene leschte Joerzéngte stänneg weiderentwéckelt, och wann dat u sech näischt Neies ass. Schliisslech waren déi éischt Mënschen Nomaden, déi vill ënnerwee waren a kee feste Wunnsëtz haten. Eréischt no a no si si sesshaft ginn an hu sech an territorial a politesch Entitéiten zesummegeschloss. De Wëllen, nei Géigenden z'erfuerschen, war awer domat net gestëllt. Déi grouss Entdeckungsreesen hunn am Laf vun de Joerhonnerten d'Weltgeschicht gepräägt. De Virwëtz war grouss, nei Gebidder ze fannen, an doduerch ass den Eruewerer a Kontakt mat frieme Kulture komm, déi hien net ëmmer richteg verstanen an heiansdo richteg zerstéiert huet.

Tourismus a Kultur loosse sech zwar gutt verbannen, mä wann ee gesäit, wéi sech vill Leit behuelen, soubal si de Fouss an en anert Land setzen, kann ee sech sécherlech Froe stellen. De Massentourismus hannerléisst Spueren, déi net ëmmer am Aklang si mat ëmweltfrëndleche Consideratiounen. A wann ee sech freeë kann, datt verschidde Plazen esou vill Leit unzéien, well si d'Joconde am Musée du Louvre, d'Akropolis zu Athen oder d'chinesesch Mauer zu Peking wëlle vun no gesinn, sou kënnt een net dolaanscht, sech ze froen, wat hinne méi wichteg ass: ee Selfie zu Disneyland oder um Strip zu Las Vegas de Frënn matzedeelen oder de geschichtlechen Hannergrond vun enger Plaz oder engem Monument ze kennen.

Globaliséierung hëlt keng Barrièren ewech

Et kéint ee jo unhuelen, datt duerch dat villt Reesen d'Onverständnisser tëschent de Kulturen sech géifen ofschwächen, nom Prinzip: "Les voyages forment la jeunesse." Wäit verfeelt! D'Globaliséierung huet an de Käpp vu ville Leit déi kulturell Barrièren net ewech geholl. D'Klischeeën iwwer aner Kulture prägen nach ëmmer den ëffentlechen Discours, de Frieme bleift dee beléiftste Sënnebock. Den Norde stänkert géint de Süden, de Süde reegt sech iwwer den Norden op, de Westen traut dem Osten net an den Oste stéchelt géint de Westen.

Zu enger Zäit wou d'Politk reegelméisseg versot, wann et ëm Vëlkerverstännegung geet, wou d'intellektuell Elitten net méi amstand sinn, d'Welt richteg z'erklären, gedeien d'Discoursen op dem fruchtbare Buedem vun Ignoranz an Iwwerflächlechkeet. Kultur gëtt just nach wouer geholl, wa si als Massephänomen optrëtt. De "Soft Power" vun den eenzelen Natioune berout op Identitéitsmerkmaler, déi e Land oder eng Géigend oder eng Bevëlkerung op e puer Stereotyppe reduzéiert, eng Zort "Images d'Epinal", ouni déi kee méi an eiser Zäit medial bestoe kann.

Déi stänneg Diskussioune ronderëm Grenzen, Sproochen, Sitten, Reliounen dréinen am Krees. Si sinn d'Illustratioun vun engem déiwe Malaise, deen d'Mënsche vis-à-vis vu sech selwer hunn. D'Weltoppenheet ass eng Charakteristik, déi eng intellektuell Ustrengung verlaangt. D'Kultur am breede Sënn vum Wuert erfuerdert eng Immersioun an aner Sphären, déi engem eppes Neies op de Wee matgëtt. Dofir muss een awer prett sinn, Neies opzehuelen, aner Dimensioune kennenzeléieren, ouni seng eege Geschicht, seng Sprooch oder seng Liewensphilosophie wëllen opzeginn. Dovu si mir op eisem Planéit awer nach wäit ewech.