Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëssen a Gleewen

Prisma

Wëssen a Gleewen

De Gilles Retter freet sech, firwat mir als Mënschen esou gäre Blödsinn gleewen. Hien erkläert, wat den Ënnerscheed tëschent eppes gleewen an eppes wëssen ass, a wéi Wëssen an de Wëssenschaften entsteet, a virun allem wat de Wëssenschaftsbetrib mat "Game of Thrones" ze dinn huet. Mir gesinn, datt eppes, wat mir gleewen, net muss wouer sinn an eppes, wat mir wëssen, och ka falsch sinn. Mee wat kann ech dann elo nach iwwerhaapt wëssen?

auto_stories

8 min

Woubäi ech mir beim Leschten net sécher sinn, ob et Blödsinn ass. Geet et drëm Saache gleewen, sinn dem mënschleche Verstand offenbar keng Grenze gesat. En Donald Trump zweiwelt um Klimawandel a léisst säi Spriecher "alternativ Fakten" kommunizéieren. Mir gleewen dogéint nëmmen all ze gär mol un Horoskoper, Stärenzeechen oder och mol u pseudowëssenschaftlech Studien, sou laang se nëmmen iergendwéi plausibel klengen.

Beschte Beispiller sinn do Honnerte vun Ernährungstrenden, déi mat iergendwellechen Argumenter an net existente Studie plausibel gemaach ginn. Op der anerer Säit gleewe mir aner Saachen net esou richteg, well mir se einfach net wëlle gleewen. E Beispill wier hei d'WHO-Studie iwwer Consommatioun vu roudem Fleesch. Et passt fir vill Leit net an eise Liewensstil fir op Wurscht, Saucisse a veraarbecht Fleesch ze verzichten, sou datt mir dës wëssenschaftlech Resultater gär méi kritesch gesinn.

Mee firwat ass dat esou? Firwat gleewe mir ëmmer nach Saachen, déi mir am Fong kéinte besser wëssen?

Den Ënnerscheed tëschent Glawen a Wëssen

Heizou eng kleng Anekdot: Am Joer 1320 gouf et e Reesbericht vun engem englesche Ritter, dee sech John Mandeville aus St.Allban genannt huet. Hien zielt hei, datt hien an Indie gefuer wier. Um Wee dohin ass hien duerch e Land komm, wou hie mat eegenen Aen eng Planz gesinn huet, déi Friichte gedroen huet. Wann dës Friichte bis zeideg waren an ee se opgebrach huet, war bannendran en Déier, dat Fleesch a Blutt hat, a Woll wéi e Schof. A sengem Reesrapport behaapt hien, datt hien déi Schof gesinn, beréiert an och giess huet. Si hätten en plus wonnerbar geschmaacht.

E Schof dat wéi Geméis wiisst, eng faszinéierend Virstellung, déi am Mëttelalter iwwer 300 Joer laang a Wierker vun Naturfuerscher opgedaucht ass. Nieft Biller vun Elefanten, fënnt een da Berichter vun dëse skytesche Schof. Vu Leit, déi ee getraff hunn, déi ee kannt hunn, deen der gesinn hat, respektiv vun engem woussten, dee Kleeder aus der Woll vun deene Schof un hat. Verschidde Kritiker hunn zwar gemengt, dass eng Kombinatioun aus Planz an Déier schwiereg wier fir de Bluttkreeslaf.

Eréischt no 300 Joer huet eng geziilten Expeditioun Opklärung bruecht, déi aktiv no de Schof gesicht huet a keng fonnt huet. Alles wat mir wësse fänkt mat enger Meenung un, eppes wou mir unhuelen, datt et wouer ass. Den Haaptënnerscheed tëschent Gleewen a Wësse läit doran, datt bei Wëssen, dat wat mir unhuelen, enger objektiver Iwwerpréiwung standhält. Ouni Beweis gëtt et kee Wëssen.

Ouni Glawe kënne mir net liewen

Gleewen heescht dogéint einfach eppes fir wouer halen. Mir gleewen, wat mir an den Noriichten héieren, mir gleewen de Wiederprevisiounen, gleewen un Diagnose vum Dokter an un Noriichten, déi mir liesen am Internet. Ouni ze gleewen, kéinte mir net iwwerliewen. Wa mir un allem zweiwelen, gi mir net eens. Ech muss dru gleewen, datt mäin Zuch haut um 15:00 fiert. Wann ech ëmmer alles unzweiwelen, kann ech net plangen oder kommunizéiere mat aneren. Fir eis Iwwerzeegungen un déi mir gleewen ze rechtfertegen, hu mir dräi Méiglechkeeten:

  1. Mir gleewen einfach wat eis gefält an halen dru fest, well dat eis Iwwerzeegung ass. Schwiereg ze liewen, well een net wierklech weess, ob déi eegen Iwwerzeegung déi richteg ass.
  2. Mir beruffen eis op Autoritéiten, zum Beispill op eng Institutioun, bekannte Persounen oder wéi ech et virdru gemaach hunn, op eng Organisatioun wéi d'Weltgesondheetsorganisatioun, déi international unerkannt ass. Mee och Autoritéite kënnen donieft léien, wéi d'Geschicht eis schonn dacks gewisen huet.
  3. Mir kënne probéieren eleng duerch eist eegent Denken, Iwwerzeegungen ze rechtfertegen. Duerch konzentréiert an opmierksamt Nodenke probéiere mir, quasi "allein im stillen Kämmerlein", logesch Schlëss ze dediéieren, an eng Theorie opzestellen, déi widdersprochsfräi ass. Dëse Wee vun der Philosophie ass ustrengend, an trotzdem wësse mir dono net, ob dës subjektiv Theorie méi wouer ass wéi eng aner.

Wat gleewe mir?

Zeréck zu de skytesche Schof, un déi haut wuel kaum nach ee gleeft. An trotzdem si se nach net ausgestuerwen. Sou gleeft och haut nach all véierten Amerikaner, an all drëtte Russ dorun, datt d'Äerd de Mëttelpunkt vum Universum ass. An Europa hu mir manner Problemer mat der Astronomie, dofir awer och kee grousse Problem mat der Astrologie. All véierte gleeft zum Beispill an Däitschland dorun, datt wann d'Venus am Haus vum Schütze steet, wier d'Zäit gutt fir eppes Neies ze léieren. 70 Prozent vun den Leit sinn dovun iwwerzeegt, datt Homeopathie wierkt, obwuel et keng wëssenschaftlech Beweiser dofir gëtt. Géif et där nämlech ginn, wier et keng Alternativ méi zur Medezin, mee einfach just nach Medezin. Dogéint huet all 13. Zweiwel drun, datt Impfen eppes bréngt.

Liewe mir also an engem Zäitalter vu Falschinformatiounen? Dës Fro huet sech och d'Amerikanerin Cailin O'Connor an hirem Buch "The Age of Missinformation" gestallt. Si erfuerscht, wéi Wëssen entsteet, an erkläert, datt den Haaptënnerscheed beim Entsoe vu Wëssen an der Wëssenschaft deen ass, datt Wëssenschaft méi systematesch virgeet. Och déi Fuerscher am Mëttelalter, déi un déi skytesch Schof gegleeft hunn, waren net domm. Si waren d'Bildungselite vun hirer Zäit, mee si hunn eben anere vertraut.

Wéi entsteet Wëssen?

D'Geschicht weist awer gutt, datt Wësse bal ëmmer an engem soziale Kontext entsteet. Dat gëllt och fir d'Wëssenschaft. Et gi verschidde wëssenschaftlech Erkenntnisser iwwer d'Welt, déi mir aus eegenen Erfarunge maachen. Mee dat allermeescht, wat mir iwwer d'Welt wëssen, wësse mir, well een et eis erzielt huet. Et ass einfach net méiglech, alles ze iwwerpréiwen. Ouni Informatiounsaustausch misst jiddwereen d'Rad ëmmer nees nei erfannen a mir wéissten iwwerhaapt näischt méi. Eng Alternativ, wéi besonnesch vertrauenswierdeg Youtubevideoen, déi eng Wourecht hanner der Wourecht kennen, wéi bei verschiddene Verschwörungstheorien, gëtt et net.

De Problem bei den Informatiounen ass, datt ëmmer mol Feeler dobäi kenne sinn. E Beispill: 1954 publizéiert de Gastroenterolog E.D. Palmer eng wëssenschaftlech Studie déi kläre soll, wat d'Ursaach vum Moschwier wier. Zwou Theorië gouf et déi Zäit: entweder Mosaier oder eng bakteriell Erkrankung. A Biopsië vun iwwer 1.000 Patiente sicht de Plamer no Bakterien, fënnt awer keng. Also schlussfolgert hien, datt Bakterien an der Mosaier net iwwerliewen, ergo muss d'Ursaach d'Iwwersaierung sinn. Den Ëmfang, vun der seriö duerchgeféierter Studie, iwwerzeegt d'Kolleege vun deenen zwee Lager, sou datt 1954 d'Iwwersaierung als eenzeg Ursaach unerkannt war. Alles gouf deemno richteg gemaach.

Eng Thees, eng objektiv Iwwerpréiwung, déi och an der Praxis funktionéiert. Iwwerpréift gouf, ob Mosaier neutraliséierend Medikamenter, géifen d'Symptomer bekämpfen, wat hei och de Fall war. Si hëllefen, mee laang net esou gutt wéi Antibiotiken, déi verschidden Dokteren trotz offizieller Léiermeenung, verschriwwen hunn.

Wëssen ass sozial bedéngt

D'Wëssenschaft weist also net, wat wouer ass, mee ëmmer nëmmen dat, wat opgrond vu beweisbare Fakten, am plausibelsten ass. Dat ass awer keen Argument fir elo skeptesch vis-à-vis vun all wëssenschaftlechem Resultat ze sinn, wéi dacks als Argument géint Schoulmedezin virbruecht gëtt. Nom Motto: "D'Schoulmedezin weess och net alles." Natierlech weess si net alles, mee an hirer Methodik ass se alternativlos. Systematescht Iwwerpréiwe vun Theesen an d'Novollzéie vu Resultater, duerch widderhuelbar Experimenter, ass a bleift Basis vum medezinesche Fortschrëtt. De Verweis ob ural Traditiounen, bei der sougenannter Alternativmedezin, ass einfach net vergläichbar, och wann et fir verschidde Leit ka funktionéieren.

Well Wësse sozial entsteet, a Mënsche sozial Tendenzen hunn, bedeit dat, datt och an der Wëssenschaft, net just dat rationellsten Argument zielt, mee datt och hei d'Mënschen d'Tendenz hu sech der Majoritéit unzepassen. Den Thomas Kuhn hat dat schonn an de 60er Jore gesinn, wou hien de Wëssenschaftsbetrib duerstellt wéi eng Folleg vu "Game of Thrones", just mat manner Sexzeenen. Ganz graff erkläert hien, datt et an der Wëssenschaft Léiermeenunge gëtt, déi am wëssenschaftleche Betrib vun enger Majoritéit gedeelt ginn. Dës gëllt et ze verfeineren a weider an déi Richtung ze fuerschen, awer w.e.g. net a Fro ze stellen. Eréischt wa massiv Problemer optrieden, kann et zu enger Revolutioun kommen, engem sougenannte Paradigmewiessel, dee Plaz mécht fir eng nei Theorie, um eisernen Troun. An et ass jo och esou, datt sech der Grupp unzeschléissen dacks Sënn mécht. Zum Beispill bei "Wer wird Millionär", wou de Publikumsjoker eng Erfollegswahrscheinlechkeet vun 90 Prozent huet, well eng Grupp alt méi dacks zum richtege Schluss kennt. Dat ass awer nëmmen de Fall, wa jiddwer Eenzele säin Uerteel onofhängeg vum Anere fält. Soubal d'Entscheedung vun den Individue vun Aneren ofhänkt, dréit sech d'Saach an hire Géigendeel.

Dat heescht, fir op meng Fro vum Ufank zeréckzekommen: Firwat gleewe mir gäre Blödsinn? Well mir eis ganz gären der Majoritéit vun de Meenungen uschléissen, a well mir bei deem, wat mir wëssen, op Informatioune vun Aneren ugewise sinn. Et ginn natierlech nach vill weider Grënn, firwat mir gäre Blödsinn gleewen. Eent wier, datt verschidde Wourechten oder Ligen einfach net an eist Weltbild passen, a mir léiwer déi Saache gleewen, déi deem Bild, dat mir eis vun der Welt maachen, entspriechen. Dofir gleeft mir besser näischt, an ech gleewe weider dorun, datt Wäi gesond ass a wäert den Owend de Grill ufänken, ouni ze wëssen, ob dat elo schiedlech ass oder net.