Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Claire Parsons - Ursa Major

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wëssenschaftlech gesond

Fräie Mikro

Wëssenschaftlech gesond

Zanter Joerzéngten héiere mir a reegelméissegen Ofstänn, datt psychesch Steierungen zouhuelen. Deen Diagnostik ass net ganz onproblematesch, zemol an de leschte 60 Joer 413 nei Forme vu Stéierungen erfonnt goufen. D'Léisung schéngt awer allgemeng ëmmer déi selwecht: wëssenschaftlech Psychotherapië bréngen d'Rettung. Mee wat ass eng wëssenschaftlech Psychotherapie? A wat bewierkt se?

auto_stories

3 min

Eis geet et schlecht. 2001 schonn huet d'Weltgesondheetsorganisatioun gewarnt, datt 25 Prozent vun der Weltpopulatioun Problemer huet mat der geeschteger Gesondheet. Tendenz steigend.

Datt dat iergendwéi eppes mat sozioekonomesche Facteuren ze dinn huet, gëtt zwar niewebäi mentionnéiert, mee dann och net weider kommentéiert. Geeschteg Gesondheet huet jo och näischt mat der Welt dobaussen ze dinn, mee mat eis; mat eise Gedanken, mat eise Gefiller, mat eiser Séil.

D'Zauberwuert "Wëssenschaft"

A fir déi gëtt et haut iwwer 300 sougenannt wëssenschaftlech Psychotherapie-Aarten. Wat Wëssenschaft hei heescht, kënnt ee mengen, ass Niewesaach. Well de psychesche Stimulus, deen eleng scho vum Wuert "Wëssenschaft" ausgeet, ass enorm. An d'Reaktioun op d'Wuert "Wëssenschaft" schéngt meeschtens d'Ausschalte vun all weiderem Denken ze sinn.

Mee probéiere mir emol, dat net onverdaut ze schlécken, a kucke mir eis kuerz un, wat do als Wëssenschaft, an als geeschteg Gesondheet, proposéiert gëtt.

Wéini ass eng Psychotherapie wëssenschaftlech?

Wëssenschaftlech ass eng Psychotherapie dann, wa se an enger Studie mat enger kuerzer Serie vun Interventiounen - fënnef bis zéng - weise kann, datt eng Ännerung vun der getester Persoun empfonnt gëtt.

Wëssenschaftlechkeet entsteet also hei aus enger genormter Prozedur, déi Vergläicher tëschent ganz verschiddenen Interventiounen erlabe soll, an doraus eng ausschliisslech statistesch Duerstellung vun empfonnte Verännerungen zeréckhält. Wëssenschaft besteet dofir an engem einfachen Inventaire.

Déi nei Definitioun vu "Wëssenschaft"

De Fait, datt Wëssenschaft emol doduerch definéiert gouf, Erklärungen ze ginn, an e Wëssen iwwer d'Ursaache vun de beobachte Phenomener ze formuléieren, ass längst net méi aktuell. Wëssenschaft, dat ass déi nei implizit Ëmdefinéierung, ass déi Prozedur, déi weise kann, datt eppes funktionéiert. Wëssenschaft ass den neien Numm fir eng Technik, déi an der Industrie Qualitéitskontroll genannt gëtt.

Dofir fënnt een dann och am Katalog vun deene wëssenschaftleche Psychotherapien déi verschiddenste Methoden. Well, wann et just ëm d'Funktionéiere geet, ass jo alles alles gutt, wat säin Zweck erfëllt.

Et gëtt déi verschiddensten Therapien

Vun Denk- a Verhaltenstherapie, iwwer Acceptanz- a Committmenttherapie, vun almoudescher Psychanalys bis zur postmoderner Narrativtherapie, ass hei alles mat dobäi wat, op wéi eng Aart a Weis och ëmmer, ënner de virgeschriwwene Bedingungen eng Wierkung weise kann.

A selbstverständlech hëlleft och reegelméissegt Bieden. Dat hat de Francis Galton, de Papp vun der "wëssenschaftlecher Verbesserung vun der mënschlecher Rass", der Eugenik, schonn 1872 statistesch nogewisen. An et gouf an de leschte 50 Joer ëmmer erëm vu wëssenschaftleche Studië bestätegt. Also firwat net: wëssenschaftlech Biet-Therapie.

Eng gesellschaftlech Fro

Kucke mir eis elo déi Gesondheet un, déi zu dëser Wëssenschaft gehéiert. Gesond ass de Mënsch, wann e keng psychesch Stéierungen huet. A Stéierunge si Beeinträchtegunge vum Funktionéieren. E gesonde Mënsch ass also e Mënsch, dee keng Stéierungen huet; e Mënsch, dee funktionéiert. An e Mënsch, dee funktionéiert, ass selbstverständlech e Mënsch, deen nohalteg Mehrwert produzéiert an d'Patronat an de Staat keng onnéideg Sue kascht. Well krank sinn ass deier, a gesond funktionéieren ass käschteneffizient.

Wann Haifësch Mënsche wären, dann hätte se och wëssenschaftlech Psychotherapien. A se hätte lauter wëssenschaftlech Psychotherapeuten, déi sech besuergt ëm déi geeschteg Gesondheet vun de klenge Fëschelcher këmmere géifen. Well wëssenschaftlech gesond Fëschelcher schmaachen nach ëmmer besser wéi trübsënneger.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.