Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Spirit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wierder a Wieder

Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

Wierder a Wieder

Am Lëtzebuergesche gëtt et eng Rei Wierder, an deenen een en "r" héiert, mee net schreift. D'Linguistin Caroline Döhmer vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch erkläert firwat.

auto_stories

3 min

D'Linguistin Caroline Döhmer

Simon Larosche: Haut stells de eis eppes aus der Orthografie vir an net aus der Grammaire. Wat ass lass?

Caroline Döhmer: Am November gëtt déi aktualiséiert Orthografie vum Lëtzebuergesche virgestallt an dofir hunn ech mir geduecht, datt mer d'Leit mol bëssi an eng Schreifweis-Stëmmung bréngen. Et geet dono awer nees méi mat grammatesche Phenomeener weider. Versprach!

Et geet haut ëm en "r", deen ee schreift, mee net héiert. Wat ass genee domat gemengt?

Ech schwätzen Iech elo mol eng Rei Wuertkoppelen, wou dat éischt Wuert mat engem "r" geschriwwe gëtt an dat zweet net:

Wierder / Wieder, Muert / Mued, Wuert / Wued, spuert / Spuet.

S: Also ech hunn do kaum en Ënnerscheed héieren.

Dee gëtt och quasi just am Schrëftleche gemaach. Ech kéint en natierlech och elo extrem artikuléieren: WieRder, MueRt, WueRt, spueRt. Dat ass dann awer keng "natierlech" Aussprooch méi. Obwuel et effektiv grad eeler Spriecher gëtt, wou een deen "r" nach méi däitlech kann héieren.

S: A firwat schreiwe mer deen "r" dann?

Mir orientéieren eis do um Däitschen. Also mer kucken eis dat däitscht Parallelwuert un an do gesi mer dann, ob een en "r" misst schreiwen oder net. Ech kommen elo nees op meng Wuertkoppele vun elo éinescht zeréck an erklären dëse Prinzip:

Wierder = Wörter, Wieder = Wetter.

Wann ech also am Däitschen en <r> fannen, da schreiwen ech deen och am Lëtzebuergeschen.

Muert = Möhre, Mued = Made.

Wuert = Wort, Wued = Wade.

Bei der leschter Koppel kéint een den "r" nach aus dem Lëtzebuergeschen hierleeden: Spuet = Spaten, spuert = spart. Hei geet d'Erklärung awer och iwwer d'Verb "spueren", wou een den "r" dann am Lëtzebuergeschen däitlech héiert. An deene meeschte Fäll geet et awer just iwwer d'Däitscht.

S: Dat ass jo da guer net esou komplizéiert, wann een Däitsch kann.

Jein. Et kënnt dann awer och zu Feeler, well d'Leit den "r" op eemol op Plaze schreiwen, wou en am Fong net dierft stoen. Ech nennen dee Phenomeen gären "Geeschter-R".

S: Firwat Geeschter-R?

Ma well deen "r" op Plaze ronderëmgeeschtert, wou en eigentlech näischt verluer huet.

S: Häss de do e Beispill?

Do ginn et da Leit, déi schreiwen "ierch" bei "ech soen iech Merci". Dat ass dann d'selwecht geschriwwe wéi bei "Kierch". Oder se schreiwen "stierchen", als Analogie zu "stierwen". Well d'Leit deen "r" eben net héieren an dann onsécher sinn, ob e kënnt oder net. Wa mer éierlech sinn, wësse vill Leit jo och net, datt d'Reegel hei iwwer dat däitscht Parallelwuert geet.

Wou Onsécherheete sinn, entstinn da meeschtens och Feeler. Mee de Prinzip vum "r", deen ee schwätzt an net héiert, ass effektiv net ganz komplizéiert, wann ee wéi gesot Däitsch kann. Soss muss ee sech einfach verhalen, wou den "r" kënnt a wou net (wat dann awer nees méi komplizéiert ass).

S: Jo, et ka jo och net all Mënsch Däitsch, grad déi Leit, déi versichen, Lëtzebuergesch ze léieren.

Am Prinzip muss een dräi Sprooche kënnen, fir richteg kënne Lëtzebuergesch ze schreiwen: Däitsch, Franséisch a Lëtzebuergesch. A mëttlerweil vläicht och nach e bëssen Englesch!