Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wirtschaften am Sënn vun der Allgemengheet

Gemeinwohl-Ökonomie

Wirtschaften am Sënn vun der Allgemengheet

D'Asbl Gemeinwohl-Ökonomie setzt sech fir en ethesche Wirtschaftsmodell am Grand-Duché an. Hei sti virop ekologesch a sozial Prinzipien am Mëttelpunkt. De Modell cibléiert virun allem Entreprisen.

auto_stories

3 min

Fir d'Asbl ass de Mënsch Ursaach a Léisung fir déi ekonomesch, ekologesch a sozial Defien. D'Wirtschaft wier en elementaren Hiewel fir eng positiv Nohaltegkeet ze provozéieren, an déi sougenannte "Gemeinwohl-Ökonomie" bitt hei eng Ugrëffsfläch fir ze agéieren, esou de Raymond Aendekerk, President vun der Asbl. Entreprise géife soen "Mir wëllen eigentlech och en anere Modell, a mir maachen eng Bréck an d'Gesellschaft, fir déi och matzekréien."

Zum Allgemengwuel bäidroen

De Prinzip vun der Gemeinwohl-Ökonomie gouf vum éisträicheschen Aktivist Christian Felber entwéckelt. De Prinzip berout op de Standarde vun der Corporate Social Responsbility. D'Betriber solle selwer bewäerten, wat si zum Allgemengwuel bäidroen.

De Gregor Waltersdorfer, Beroder fir d'Asbl Gemeinwohl-Ökonomie Lëtzebuerg erkläert, datt een d'Allgemengwuel unhand vun de Wäerter Mënschewürd, Solidaritéit a Gerechtegkeet, ekologesch Nohaltegkeet, Transparenz a Matentscheede géif definéieren D'Entreprise géifen dat fir sech entscheeden, wéi si dat virliewe kënnen, zum Beispill mat hire Liwweranten.

En Audit fir méi Verantwortung

Een Deel dovunner ass eng Evaluatioun vun der eegener Entreprise. Hei gëtt analyséiert, op wéi engem Niveau ee sech par Rapport zu den eenzele Moossname befënnt: Hält d'Entreprise just de gesetzleche Minimum an oder geet ee méi wäit?

Nodeems eng Entreprise dës Evaluatioun gemaach huet, féiert d'Asbl en Audit duerch fir d'Indikatioun ze préiwen. Um Schluss steet e zertifiéierte Punktewäert, deen uweist, wéi nohalteg d'Entreprise wirtschaft. Geet et no de Responsabelen, misst dëse Punktewäert gesetzlech virgeschriwwe ginn, seet de Gregor Waltersdorfer. Et misst een Ureizer fir Entreprisë wéi zum Beispill Steiervirdeeler schafe fir gutt Wäerter ze kréien. Dat géif scho beim Fairtrade geschéien, mee et kéint een nach e Schrëtt weidergoen, fënnt de Greogor Waltersdorfer.

Och Mataarbechter mat an d'Boot huelen

Zwee Acteuren hu sech dem Modell zu Lëtzebuerg ugeschloss. Beim Oikopolis Grupp fiert een zanter 2016 nom Modell. De Patrick Kolbusch, Direkter bei Biogros, enger Societéit vum Grupp Oikopolis, verweist op d'Wichtegkeet vun der Inclusioun vum Personal bei wichtegen ekologeschen Decisiounen. Et hätt ee beispillsweis festgestallt, datt d'Ticketen an der Kees laang wieren. Fir dat ze verbesseren, hätt een d'Mataarbechter am d'Boot geholl fir dat ze verbesseren. Elo hätt een den Zeilenofstand verréngert an doduerch géif ee 60 Kilometer Keesentickete manner verbrauchen.

D'Asbl gouf am Abrëll dëst Joer vun 22 Leit an d'Liewe geruff. Bis Enn 2020 wéilt ee bis zu zéng Entreprisë fir de Projet gewannen. Weltwäit ënnerstëtzen iwwer 2.000 Betriber d'Initiativ. Ronn 400 Betriber sinn zertifiéiert.