Radioen

On air

Notturno  |  Dweller - Hollow Feat. Field Guide, Georgia Harmer & Kris Ulrich

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wou kënnt de Chrëschtbeemchen hier?

Chrëschtdag

Wou kënnt de Chrëschtbeemchen hier?

E steet a ganz villen Heemer, en ass mol ganz grouss oder e bësse méi kleng, mee meeschtens dekoréiert. De Chrëschtbeemchen. Mee wat huet dee mat Chrëschtdag ze dinn a wou kënnt dës Traditioun hier?

auto_stories

2 min

Wahrscheinlech huet de Chrëschtbeemchen säin Ursprong an der heednescher Traditioun. De Chrëschtbeemchen, deen haut a ville Stuffe steet an dekoréiert ass, huet sech eréischt ëm 1700 entwéckelt. Et ginn awer och scho méi fréi Spueren, zum Beispill 1419 hu Bäckergesellen zu Freiburg an Däitschland fir d'éischte Kéier e Bam mat Äppel a Liefkuch dekoréiert. A Lettland gouf am Joer 2010 de 500. Anniversaire vum dekoréierte Chrëschtbeemche gefeiert.

Zur Zäit vun der längster Nuecht an dem kierzten Dag am Joer - den 21. Dezember - hu sech d'Leit Äscht - dacks vun Dännebeem mat an d'Haus geholl. Si sollten alles Schlechtes a Béises forthalen a si hunn d'Hoffnung op Fruchtbarkeet ausgedréckt.

Ufäng am 16. Joerhonnert

Aus enger Iwwerliwwerung geet och ervir, datt ëm 1530 schonn zu Stroossbuerg mat Beemercher gehandelt gouf - awer nach net mat Dännen oder Fichten. Am spéide 16. Joerhonnert gouf et am Elsass dann och zur Gewunnecht, d'Beem mat Séissegkeeten ze dekoréieren. Zanter dem 18. Joerhonnert ginn och Käerzen un de Chrëschtbeemche gehaangen. Eréischt am 19. Joerhonnert gouf de Chrëschtbeemchen ëmmer méi populär, fir d'éischt an de Stied an dann och um Land.

De Chrëschtbeemchen huet sech wéi et schéint iwwer däitsch Adelsfamille fir d'éischt a ganz Däitschland an dann och uechter ganz Europa ausgebreet. Enn vum 19. Joerhonnert sinn déi éischt Beemercher mat elektresche Luuchten an den USA opgedaucht. Am 20. Joerhonnert gouf en eigentlech op der ganzer Welt bekannt.

Verschidden Zäitpunkte fir de Beemchen opzeriichten

A lues a lues gouf de Chrëschtbeemchen dann och ëmmer méi zum feste Bestanddeel vu Chrëschtdag. Traditionell gouf de Chrëschtbeemchen eréischt Hellegowend opgeriicht an zesumme mat der ganzer Famill dekoréiert. Ganz dacks kënnt et awer vir, datt en éischter opgeriicht gëtt.

An den USA gëtt en dacks schonn Enn November - ëm Thanksgiving - opgeriicht - iwwregens ginn d'Cadeauen an den USA de 25. Moies opgemaach.

A Russland gëtt de Beemchen eréischt Enn Dezember opgeriicht. Déi russesch-orthodox Chrëschte feieren nämlech och eréischt de 7. Januar Chrëschtdag.