Radioen

On air

Notturno  |  Giovanni Di Domenico - Minum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Yagé oder Ayahuasca - "Keng Drog, mee Medezin"

Drogen a Mënschen

Yagé oder Ayahuasca - "Keng Drog, mee Medezin"

E battert, brong-gréngt Gedrénks. Dat ass d'Dschungelmedezin Yagé, déi an deene verschiddenen indigenen Traditiounen ënnerschiddlech Nimm huet. Hiergestallt gëtt d'Flëssegkeet aus enger Amazonaslian a Chacruna-Blieder, déi de Wierkstoff N,N-Dimethyltryptamin, kuerz DMT enthalen. Drénkt een déi Flëssegkeet, dann erweidert sech engem säi Bewosstsinn. Medezin oder Drog? Fir de Malin Wind Disse, Anthropolog aus Ecuador ass d'Äntwert kloer.

auto_stories

6 min

"Yagé ist allgemein bekannt als die Medezin der Schamanen," seet de Malin Wind Disse. Yagé huet vill ënnerschiddlech Nimm: Yagé, Ayahuasca, Caapi.

"Jede Tradition hat einen bestimmten Namen für dieses Getränk, das eigentlich aus den selben Pflanzen hergestellt wird."

De Malin Wind Disse ass 30 Joer al, zanter 23 Joer wunnt hien an Ecuador, huet do Anthropologie studéiert an zanter ongeféier 12 Joer beschäftegt hie sech mat Schamanismus.

"Ich hatte das Glück, dass meine Eltern schon immer an dem Thema interessiert waren, vor allem meine Mutter. Sie hat Radioarbeit und Dokumentationen über Schamanismus gemacht. Sie hat mich auch immer mitgenommen. Dadurch habe ich relativ früh an Zeremonien teilgenommen."

Zeremonië waren ëmmer Deel vu sengem Liewen, erzielt de Malin Disse. Mat 18 Joer hat hien d'Chance a Südamerika e Schaman vun de Cofán Indianer aus dem Amazonas kennenzeléieren.

"Responsabel fir d'Wuelbefanne vun der Gemeinschaft"

D'Cofán Soziokultur schafft vill mat Planzen, speziell mat Yagé. Vun hinnen huet och de Malin Disse geléiert Zeremonien a Yageritualer ofzehalen, virun allem an der Yoga Schamanismus a Konscht Schoul - Durgas Tiger School, vun him a sengen Elteren zu Tumbaco bei Quito.

"In Südamerika werden Schamanen als spirituelle Leader von ihrer Gemeinschaft gesehen. Sie sind die Verantwortlichen für das spirituelle Wohlbefinden der Gemeinschaft."

D'Lian Banisteriopsis caapi ass een Deel vum schamanistesche Gedrénks Yagé oder Ayahuasca (Foto: Tessy Steffen Koenig)

D'Wuert Ayahuasca kënnt aus dem Anderaum vu Südamerika, méi genee aus der einheimescher Quechua Sprooch a bedeit Geeschterlian. Eng Ayahuasca oder Yagé Visioun ass ëmmer anescht. Verschidde Leit si méi visuell an hir Dreem ginn op eemol reell. Aner Leit kënnen ënnerlecht Wëssen ervirruffen a wëssen op eemol, wat fir si richteg ass. Et ass souzesoen eng intiutiv Wourecht, déi op eemol héich kënnt.

"Es wird gesagt, dass die Medizin jedem das gibt, was man in dem Moment braucht. Es ist auch immer eine Schattenarbeit, bei der man mit seinen Schatten in Kontakt kommt, um dann bewusst daran zu arbeiten. Man kommt auch an Informationen, die unterdrückt sind, wo man so bewusst nicht dran kommt, aber im Unbewussten ist die Information gespeichert."

Fir schamanistesch an therapeutesch Zwecker

D'Mënschen aus den Amazonasgebidder vun Ecuador, Brasilien, Kolumbien oder och nach Peru hunn d'Planz zanter Joerhonnerte fir schamanistesch an therapeutesch Zwecker genotzt. Yagé oder Ayahuasca gëtt bei indigene Vëlker a bei de Schamanen dowéinst och net als Drog, mee als Medezin ugesinn.

"Dadurch haben sie eine Beziehung zu den Pflanzen und sehen sie nicht einfach als reine Drogen. Die Pflanzen sind tatsächlich spirituelle Lehrer und dadurch können sie unser Leben beeinflussen, sie können auch einen Weg zur Heilung sein."

Wéi eigentlech all Psychedelika, mécht och Ayahuasca oder Yagé net kierperlech süchteg. Bei Mënschen, déi psychotesch veranlaagt sinn, kann awer och dës Medezin/Drog eng Psychos ausléisen.

Dofir ass et wichteg, esou de Malin Disse, sech wierklech iwwer déi psychoaktiv an halluzinogen Substanz ze informéieren, sech virzebereeden an no der Visioun och nozebereeden. Donieft soll een d'Medezin, wann ee se drénkt, just mat Schamanen drénken, déi d'Erfarung hunn, an deenen et net ëm d'Sue geet.

Kulturkolonialismus a mysteschen Tourismus?

Ayahuasca ass zanter e puer Joer zum Hype an der westlecher Welt ginn. De Sänger Sting zum Beispill mécht keen Heel doraus, vun Zäit zu Zäit Ayahuasca ze consomméieren, fir sech selwer weiderzeentwéckelen. Vu verschiddene Schamanen an Ethnologe gëtt dëse Business ëm dat planzlecht Gedrénks als Kulturkolonialismus an als mysteschen Tourismus kritiséiert.

De Malin Wind Disse huet an Ecuador Anthropologie studéiert an huet schonn als Kand u schamanisteschen Zeremonien deelgeholl

E Problem ass och, datt d'Planz ëmmer méi ofgebaut gëtt. An all den indigenen Traditiounen ass awer d'Ritual vum Planzen en Deel vum Ritual vum Drénken, esou de Malin Disse.

"Wenn man Yagé herstellt und trinkt, pflanzt man auch ungefähr die selbe Menge oder mehr, damit diese Pflanze weiter wachsen kann. Wenn jemand diese Pflanze jetzt einfach als ein Produkt sieht oder als ein Objekt, das vermarktet werden kann und massenweise diese Pflanze aus dem Amazonas, aus dem natürlichen Umfeld rausholt und in andere Länder exportiert, dann ist das nicht fair für die Menschen, die in diesen Traditionen mit den Pflanzen arbeiten und sich um diese Pflanzen kümmern."

Et wier e Problem, wa Mënschen keng spirituell Intentioun hätten, wa si dëst Gedrénks consomméieren. Fir mat där "anerer" Welt a Kontakt ze kommen a fir ze verstoen, wéi dës Planz funktionéiert, bräicht een eng spirituell Intentioun. Et wier och ganz wichteg, eng Traditioun ze hunn.

"Diese Tradition, die die Cofán oder A'í, wie sie sich selber nennen, sind Tausende von Jahren alt und haben sehr viel Erfahrungen mit dieser Pflanze gesammelt und auch mit anderen Pflanzen. Sie haben einen sicheren Rahmen geschaffen, um diese Pflanze als Medizin nutzen zu können."

Mal Aire ka just vu Schamane geheelt ginn

Verschidde Krankheete kënnen net mat Hëllef vu Schamane geheelt ginn, seet de Malin Wind Disse. Zum Beispill d'Infektiounskrankheet Malaria, déi an den Amazonasgebidder duerch Moskitoen iwwerdroe ka ginn. Wann eng Persoun aus der Communautéit Malaria huet, gëtt si vun de spirituelle Leeder, de Schamanen, an d'Spidol geschéckt. Si hu Medikamenter, mat deenen een dës Krankheet heele kann. Aner Krankheeten dogéint kënnen awer just mat Schamanismus geheelt ginn.

"Bis jetzt gibt es zum Beispiel den Fall von Mal Aire. Sie sagen, das ist ein schlechter Wind, ein bad air. Der ist nicht nur in Südamerika bekannt, das gibt es auch auf den Philippinen oder in anderen Ländern."

D''Leit géife krank ginn a bannent kuerzer Zäit stierwen, wa si net bei ee Schaman oder spirituellen Heeler kommen. Dëse Schaman géif mat der Medezin schaffen, déi hien huet. Am Dschungel schaffe si mat Yagé, fir dës Krankheet ze heelen, seet den 30 Joer alen Anthropolog.

"Es ist eine Krankheit, die sehr stark ist. Wo die Menschen innerhalb von drei Tagen sterben können."

Leider, esou de Malin Disse, wier et ëmmer nach esou, datt d'Zesummenaarbecht vun der westlecher Medezin an der schamanistescher Medezin schwiereg wier, a si a Konkurrenz stéingen an net komplementar zouenee gesi géife ginn.

"Obwohl es eigentlich von Vorteil wäre, wenn eine holistische Medizin entstehen würde."

Psychoaktiv Substanze schonn an der Steenzäit?

D'Planze selwer waren ëmmer schonn Deel vun eiser Welt, seet de Malin Disse. Déi éischt Renconter mat der Planzen- an Déierewelt, esou den Anthropolog, war op engem spirituellen Niveau. Et wier awer schwiereg ze soen, zanter wéini genee d'Planzen aus spirituelle Grënn géife consomméiert ginn.

"Es geht soweit zurück, dass sie auch Teil ist von der Entstehung von Kultur und Kunst."

An dat geet esouguer bis an d'Steenzäit zeréck. D'Konschtwierker an d'Hielemolereie vun deemools weise Gestalten, déi - dovu ginn d'Fuerscher an d'Anthropologen aus - a Visioune gesi goufen.

Net nëmme Planze mee och psychedelesch Champignon dierften deemools also schonn eng Roll gespillt hunn. Si maachen an der Konscht vun deemools eng Referenz dorobber, datt schonn an der Steenzäit op psychoaktiv Substanzen zeréckgegraff gouf, fir mat Geeschter, der Natur an Hellegen aus anere Welten ze kommunizéieren.