Radioen

On air

Notturno  |  John Holt - You'll Never Find Another Love Like Mine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zerstéierung vun der Zivilgesellschaft

Prisma

Zerstéierung vun der Zivilgesellschaft

Mat der Multiplikatioun vun de sanitäre Mesurë geréit een Deel vun der Gesellschaft ëmmer méi a Bedrängnis: et ass deen Deel, deen Zivilgesellschaft genannt gëtt. D'Zivilgesellschaft spillt e weesentleche Rôle am Kräfteverhältnis vun der Demokratie nieft de Muechte vu Politik a Wirtschaft. Wat genee ass also dës Zivilgesellschaft, wéi ass se entstanen, wat sinn hir Funktiounen, a wat sinn d'Konsequenzen, wa se zerstéiert gëtt? Iwwerleeunge vum Thierry Simonelli

auto_stories

6 min

Foto: Archiv

"Zivilgesellschaft" ass en Term, deen een ëfters a politeschen a journalisteschen Diskussiounen héiert. Mee seng genee Bedeitung ass net ëmmer esou kloer. Selbstverständlech ass Zivilgesellschaft och en ëmstriddene Begrëff mat enger Geschicht vu Bedeitungsännerungen.

D'Zivilgesellschaft ass deen Deel vun de moderne Gesellschaften, dee sech vu Politik a Maart, vu Muecht a Geld ënnerscheet.

Et kann een ouni ze vill Vereinfachung behaapten, dat eisen aktuelle Begrëff vun der Zivilgesellschaft, an de gesellschaftleche Fait, deen domat beschriwwe gëtt, extreem rezent sinn. Fir se genee ze situéieren: si stame vum Enn vum 18. an dem Ufank vum 19. Joerhonnert.

Gi mer vun der Definitioun vun der Bundeszentrale für Politische Bildung aus. Do heescht et:

DZivilgesellschaft besteet aus konkret handelnde Persounen an Organisatiounen, déi selbstorganiséiert täteg ginn. Dëst geschitt net an traditionelle Familljestrukturen an och net am Kader vu privatwirtschaftlechen Entreprisen oder staatleche Behörden, mee primär am gesellschaftleche Beräich, ausserhalb vu Maart, Staat a Privatsphär. Dat heescht a Veräiner, a Verbänn, a Stëftungen, an Netzwierker, an informellen Zierkelen, soziale Bezéiungen, an an Net-Regierungsorganisationen.

E Begrëff ausserhalb vu Suen a Muecht

Kuerz gesot: Zivilgesellschaft situéiert sech, wéinstens idealerweis, ausserhalb vun den Herrschaftsberäicher vu Geld a Muecht, vu Maart, Staat a Politik.

Deen Deel vun der Gesellschaft, deen also Zivilgesellschaft genannt gëtt, ass fundamental wichteg an enger Demokratie, well hien d'Muecht vu Staat, Politik a Maart aschränkt.

Wann dofir an enger Demokratie dës Zivilgesellschaft ofgebaut gëtt, wéi dat am Moment duerch déi pandemesch Gesondheetspoliticken- a Moossnamen iwwerall massiv de Fall ass, da gëtt e Probleem vun Demokratien, dee scho besteet, geféierlech verstäerkt: de Problem vun der Zerstéierung vun der Zivilgesellschaft.

Den Ufank vun der Zivilgesellschaft

A wéi fern droen déi aktuell sanitär Mesurë massiv zum Ofbau vun der Zivilgesellschaft bäi? Als Äntwert en klengen Exkurs zur d'Geschicht vum Begrëff an der Gebuert vun der Zivilgesellschaft.

Ursprénglech war de Begrëff vun der Zivilgesellschaft nëmmen an der Differenz zur politescher Muecht geduecht. Mee et huet sech geschichtlech am 19. Joerhonnert erausgestallt, dat de fräie Commerce an d'Wirtschaft, déi am Ufank nach zur Zivilgesellschaft dozou gezielt goufen, ganz eegen Interesse verfollegen, a mat enger ganz eegener Funktiounslogik operéieren.

Am historesche Kontext ass d'Zivilgesellschaft aus de Gespréicher an de Kaffeehaiser, an de Salonen an den Dëschgesellschafte vun der Bourgeoisie entstanen. Si ass entstanen am gesellschaftlechen a politesche Kampf géint d'Feudalherrschaft an d'Monarchie. Dës éischt biergerlech Zivilgesellschaft war domat och direkt un d'Ideologie an un d'Praxis vum Privateegentum vun der opstriewender Bourgeoisie gebonnen.

Vu Mëtt vum 19. Joerhonnert u koum dann, mat der demokratescher Verbreedung vun der Press an der Literatur d'"Masse vun den Net-Besëtzer" (Habermas) zur Zivilgesellschaft dobäi. Do maachen d'Stëmme vun der "Mass vun de Besëtzlosen" quantitativ dee gréissten Deel vun der Gesellschaft aus, d'Zivilgesellschaft gëtt esou zu engem vun de wichtegsten Uerter vun der moderner Demokratie.

An de Gespréicher an den Diskussioune vu Privatpersounen op de Mäert, an de Kierchen, an de Clibb, an den Associatiounen, an den informellen Netzwierker, a Frëndeskreesser, an de Caféen a Restauranten, an de Schoulen an op den Unien, asw., gëtt d'Zivilgesellschaft am 19. Joerhonnert zu engem Uert vun der allgemenger sozialer Ausenanersetzung. Zu enger sozialer Ausenanersetzung, wou et net direkt ëm Muecht a Geld geet. Muecht- a Geld-Akkumulatioun an -Erhalung funktionéieren no anere Logicken, wéi Diskussioune vun den Net-Besëtzer a Muechtlosen am Café an um Maart.

An dëser Zivilgesellschaft entstinn, an informelle Gespréicher, Allianzen, kollektiv Identitéiten, eethesch Wäerter. Hei gi gesellschaftlech Praktiken a Fro gestallt an och d'Ongerechtegkeeten an d'Ongläichheeten, déi aus den Interesse vu Geld a Muecht entstinn, kritiséiert.

Grad esou wéi déi éischt bourgeois Zivilgesellschaft géint d'Monarchien geduecht, diskutéiert a publizéiert huet, huet dunn och lues a lues déi vergréissert Zivilgesellschaft mat de Besëtz- a Muechtlose géint d'Muechtuspréch vun der Bourgeoisie, an der Industriegesellschaft, déi sech entwéckelt huet, geduecht, diskutéiert a publizéiert. Hei entsti Bourgeoisie- an Kapitalismus-kritesch Gedanken, hei kommunizéieren nieft de schaffende Bierger Intellektueller, Denker, Enseignanten, Wëssenschaftler a Journaliste mat hire kriteschen Analyse vu Geld a Muecht. An déi Diskussioune ginn dann och séier selwer politesch wierksam.

Zivilgesellschaft reglementéieren

Natierlech war esou eng Zivilgesellschaft der Muecht an dem Geld ëmmer onbequem. Dofir blouf dës Zivilgesellschaft och ëmmer eng Kampfplaz, déi d'Geld an d'Muecht versicht huet ze reguléieren, anzeschränken a virun allem och ze influenzéieren. An deem Kontext ass ganz besonnesch d'Roll vun de Geld- a Muecht-gesteierte Massemedien ervirzehiewen. Dës Massemedie versichen d'Interesse vu Geld a Muecht an der fräier Meenungsbildung vun der Zivilgesellschaft esou wäit an esou onbemierkt wéi méiglech ze verbreeden. Dacks andeems se sech selwer als d'Stëmm vun der Zivilgesellschaft ausginn, déi se an hir eege Bunnen dirigéiere wëllen.

Den däitsche Philosoph a Soziolog Jürgen Habermas huet dee Phenomeen als "Refeudaliséierung" vun der Zivilgesellschaft beschriwwen. Als Versuch also, vu Geld a Muecht eng Aart nei Feudalherrschaft duerch d'Reglementéieren a Beaflosse vun der Zivilgesellschaft hierzestellen.

Dee souwisou scho prekären demokrateschen Equiliber, deen d'Zivilgesellschaft geschichtlech progressiv u Muecht a Geld verléiert, gëtt zanter Ufank 2020 vun de sanitären Ausnamepoliticken nach emol an enger Aart a Weis gestéiert, déi bis dohin a kenger westlecher Demokratie denkbar war.

Wa Caféen a Restauranten, wa Geschäfter a Mäert, wann Hoteller a Sportssäll a -stadien, wa Kinoen, Theater a Bibliothéiken, wa Muséeën a Concertssäll, kuerz, wann den zivilgesellschaftlechen Alldag verdënnt gëtt, oder esou guer ganz verbuede gëtt, da verschwënnt d'Zivilgesellschaft.

Wann all déi gesellschaftlech Vereenegungs-Fräiheeten a Kommunikatiouns-Méiglechkeeten esou ageschränkt oder esou guer ofgeschaaft ginn, datt se d'Funktionéiere vun enger real existéierender Zivilgesellschaft quasi ophiewen, dann huelen déi politesch-administrativ an déi ekonomesch Muechten de ganzen Terrain vun der ganzer ëffentlecher Debatt a vun der gesellschaftlecher Orientéierung an.

Geld a Muecht vermësche sech

Wann d'Zivilgesellschaft, als Géigemuecht géint Politik a Geld, verschwënnt, da verwandelt sech dat wat Demokratie si sollt an eng Mëschung aus staatlech-wirtschaftlecher Aristokratie an Oligarchie.

Zanter den 1980er Joren hu Geld a Muecht, ënner der politescher Ideologie vum Neoliberalismus oder dem Maart-Fundamentalismus, sech ëmmer méi matenee vermëscht. A ganz besonnesch a Mikrostaate wéi Lëtzebuerg si Pantouflage oder Dréidier-Effekt, Clientelismus a Patronage esou endemesch, datt Demokratie hei quasi souwisou dacks nach just formal besteet.

Wat verniedlecht als "Politik vun de kuerze Weeër" bezeechent gëtt, heescht ganz konkret, datt déi wichteg politesch Entscheedunge bal exklusiv vu relativ klenge Famillen- a Frëndschafts-Interessennetzwierker vu Privé a Public geholl ginn. Vun enger klenger Unzuel vu Leit also, déi am stännege Kontakt a Beruff a Fräizäit, vun de gemeinsame Vakanze bis zum Wunnen an nämmlechte Stroossen oder Quartieren, Hand an Hand zesummeschaffen.

Wan dann elo nach dat bësse Géigegewiicht, dat d'Zivilgesellschaft där Kooperatioun entgéintsetze konnt, integral vun den Interesse vu Geld a Muecht koloniséiert gëtt, da bleift Demokratie just nach e Schiet vun deem, wat se si kéint.