arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d'Schoul"

Sensibiliséierung fir de Klima

|
reading time

1 min

"Zu Fouss, mam Vëlo oder Bus an d'Schoul"

Mat den Eltere mam Auto an d'Schoul? Oder awer léiwer zu Fouss? An Zäite vum Klimawandel ka jiddereen en Effort maachen. Fir d'Schüler an d'Elteren ze motivéieren, op den Auto ze verzichten, huet d'Stad Lëtzebuerg e Concours fir d'Grondschoulen organiséiert.

reading time

1 min

play_arrow De Bäitrag vum Simon Larosche lauschteren

Wie mam Vëlo, mat der Trotinette zu Fouss oder mam Bus an d'Schoul komm ass amplaz mam Auto, krut all Kéiers e Sticker. Ronn 2.800 Schüler aus de Stader Grondschoulen hu matgemaach. Huet dat eppes bewierkt? A wisou hunn d'Kanner matgemaach? De Simon Larosche huet bei Gewënner an der Grondschoul zu Hamm nogefrot.

De Concours "Zu Fouss, mam Velo oder Bus an d'Schoul" vun der Stad Lëtzebuerg gouf vum 18. September bis den 18. Oktober organiséiert. D'Resultat gouf rezent presentéiert.