Den 29. Oktober 1923 huet de Mustafa Kemal Atatürk d’Republik am Land ausgeruff an domat och d’Enn vum Osmanesche Räich erkläert. Den Atatürk hat e kloert Zil: e sekulären Staat no westlechem Virbild.
Dee ronne Gebuertsdag gouf déi lescht Deeg mat vill Pomp gefeiert. Mee net alleguer d’Tierke gesinn e Grond ze feieren … E Reportage vun eisem Korrespondent Uwe Loeb