arrow_back_ios
Dagdeeglech
168 Joer Eisebunn zu Lëtzebuerg
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Haut sinn et genee 168 Joer, datt d‘Chamber ee Gesetz gestëmmt huet iwwer den Opbau vun engem Eisebunnsreseau zu Lëtzebuerg. De grousse Plus vun esou engem Reseau wieren déi ekonomesch Virdeeler, déi der Landwirtschaft, dem Commerce a besonnesch der Eisenindustrie zegutt komme géifen, esou d‘Argumentatioun. Entstane sinn dunn déi véier Haaptstrecken, déi nach haut existéieren. Fir d‘Stolindustrie koumen dann och nach zwou Niewestrecken derbäi. Begeeschtert doriwwer war awer deemools net jiddwereen.
Politik a Gesellschaft