arrow_back_ios
Dagdeeglech
75 Joer fir de Jean Asselborn
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Mat 18 geet de Jean Asselborn bei de Pneueproduzent Uniroyal schaffen, duerno als Gemengebeamte bei d‘Stad Lëtzebuerg an dunn op d‘Gemeng Stengefort. Hein engagéiert sech politesch bei der LSAP, gëtt Buergermeeschter vu Stengefort, gëtt an d‘Chamber gewielt, war Fraktiounssekretär vun der Partei a gëtt schliisslech Minister. No bal 20 Joer Ausseminister huet sech de Jean Asselborn no de Chamberwalen d‘lescht Joer aus der Politik zréckgezunn. Haut feiert hien seng 75 Joer.
Politik a Gesellschaft