Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Nei Musek

100komma7.lu / Nei Musek

/ 80. Gebuertsdag

80. Gebuertsdag

Fir den 80. Gebuertsdag vum ungaresche Komponist Peter Eötvös hat den Orchestre Philharmonique de Radio France e grousse Concert geplangt, un deem den Eötvös awer net deelhuele konnt, well hie scho krank war. Zwee Méint drop, am Mäerz dëst Joer, ass hie gestuerwen. An esou war dee Concert e leschte groussen Hommage un dëse Komponist, mat zwee Chouerwierker, Treize Haikus an Hallelujah Oratorium Balbulum, an dem Concerto fir Harf an Orchester mam Xavier de Maistre.

Dëse Concert gouf den 18.01.2024 am Auditorium vu Radio France zu Paräis opgeholl a gëtt Iech presentéiert vum Remy Franck. Dir kënnt de Concert bis den 2. Juli an der Mediathéik vum opus 100,7 nolauschteren.

Um Programm:
Peter Eötvös:
13 Haïkus
Solitude - In memoriam Kodály
Concerto fir Harf an Orchester
Hallelujah - Oratorium balbulum

Interpreten:
Xavier de Maistre, Harf
Lambert Wilson, Erzieler
Katharina Kammerloher, Mezzosopran
Artavazd Sargsyan, Tenor
Hélène Collerette, Gei
Maîtrise de Radio France, Sofi Jeannin (Dirigent)
Chœur de Radio France, Lionel Sow (Dirigent)
Orchestre Philharmonique de Radio France, Gergely Madaras (Dirigent)

Musek
Concert
Klassik
Nei Musek
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Komponistinnen am Fokus

Fanny Hensel, Clara Schumann, Hannah Eisendle, Louise Farrenc mam ORF Radio-Symphonieorchester Wien

Schönberg, Zemlinsky a Schreker

De WDR Sinfonie Orchester spillt Wierker aus dem 20. Joerhonnert

Eng Renconter tëschent Klassik an Jazz

E Concert, an deem sech Klassik an Jazz begéinen, gespillt vun der Basel Sinfonietta an der NDR Big Band.

Eng Renconter tëschent Klassik an Jazz

E Concert, an deem sech Klassik an Jazz begéinen, gespillt vun der Basel Sinfonietta an der NDR Big Band.

Wir sind Meer

Basel Sinfonietta spillt am Baseler Rheinhafen e Concert zum Theema vum Waasser.

Wir sind Meer

Basel Sinfonietta spillt am Baseler Rheinhafen e Concert zum Theema vum Waasser.

E Portrait vum Anders Eliasson

Um Programm: seng Sinfonien Nr. 3 an Nr. 4, genee esou wéi säi Concerto fir Trombonn an Orchester

E Portrait vum Anders Eliasson

Um Programm: seng Sinfonien Nr. 3 an Nr. 4, genee esou wéi säi Concerto fir Trombonn an Orchester

Musek aus eiser Zäit

WDR Sinfonieorchester a Péter Eötvös

Musek aus eiser Zäit

WDR Sinfonieorchester a Péter Eötvös

Musek oder Chaos

Dat ass den Titel vun dësem Concert vum Danish String Quartet Festival 2023. Zesumme mat Invitéë spillt de Sträichquartett e Programm, gemëscht mat neien a méi traditionelle Kläng.

Musek oder Chaos

Dat ass den Titel vun dësem Concert vum Danish String Quartet Festival 2023. Zesumme mat Invitéë spillt de Sträichquartett e Programm, gemëscht mat neien a méi traditionelle Kläng.

Kateryna

Eng Oper vum Olexander Rodin

Kateryna

Eng Oper vum Olexander Rodin

Widmann meets Mendelssohn

Bei engem Concert mam WDR Sinfonieorchester kombinéiert de Jörg Widmann eng eegent Wierk mat der bekannter Herbriden-Ouverture vum Felix Mendelssohn.

Widmann meets Mendelssohn

Bei engem Concert mam WDR Sinfonieorchester kombinéiert de Jörg Widmann eng eegent Wierk mat der bekannter Herbriden-Ouverture vum Felix Mendelssohn.

Sound Imagery

Klangbiller inspiréiert vu Filmer vum Andrei Tarkovsky a Biller vun der Agnes Martin.

Sound Imagery

Klangbiller inspiréiert vu Filmer vum Andrei Tarkovsky a Biller vun der Agnes Martin.

Let There be Light

BBC Symphony Chorus an Orchestra