Radioen

On air

Palatino FM  |  Palatino FM

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Mat zwee méi laange Live-Tracks erënnere mir un deen am Mee vun dësem Joer verstuerwene franséischen Auteur/Compositeur/Interpret Jean-Louis Murat, biergerlechen Numm Jean-Louis Bergheaud: e Mann, deen engersäits musikalesch gär méi zeréckhalend-poetesch war - quitt datt hien och alt emol zolidd gerockt huet -, anerersäits awer och fir seng Coups de gueule bekannt war, vun der Long op d’Zong geschwat huet an an der Haaptsaach géint de Musekbusiness gewiedert huet, géint déi grouss Plackefirmen, dee fir hien ze vill mat groussen Nimm op d’Nummer sécher ginn, fir dass d’Keess stëmmt an dobäi manner prominent Leit an den Nowuess vernoléissegen.
Fir säi méi klenge belsche Label PIAS (Play It Again Sam) huet de Jean-Louis Murat am September 2014 zu Paräis an der ‘Maroquinerie’ den Album ‚Live Aux (Pias) Nites‘ opgeholl. Eng 45 Minutten si vun dësem Optrëtt zeréckbehale ginn, just 5 Stécker, deemno méi laang Interpretatiounen, dat mat Material vu sengem deemools aktuellen Studio-Album ‚Babel‘. Begleet gëtt hien vum Delano Orchestra, exzellent Museker déi aus senger Heemecht, der Auvergne, kommen. Als Invitée derbäi ass ausserdem d’Morgane Imbeaud vun der Band ‘Cocoon’.
D’Plack war deemools a limitéierter LP-Oplag fir den ‘Disquaire Day’ op de Maart komm, ass antëschent awer och op anere Supporten ze kréien.

D’Playlist vun haut:

01) Iggy Pop – Home (Brick By Brick, 1990)
02) Screaming Trees – No One Knows (Sweet Oblivion, 1992)
03) The Cure – A Letter To Elise (Wish, 1992)
04) The War On Drugs - Under The Pressure (Lost In The Dream, 2014)
05) Kurt Vile – Wakin On A Pretty Day (Wakin On A Pretty Daze, 2013)
06) Jean-Louis Murat – Qu’est-ce qu’au fond du cœur (Live Aux PIAS Nites, 2014)
07) Jean-Louis Murat – Blues Du Cygne (Live Aux PIAS Nites)
08) Patti Smith – Gimme Shelter (Twelve, 2007)
09) Thurston Moore – Smoke Of Dreams (Rock ‘n Roll Consciousness, 2017)
10) Groovin’ With Mr. Bloe (Groovin’ With Mr. Bloe. 1970)

Musek
Rock a Pop

Episoden

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Zeréck an d’Sixties!
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow