Lues awer sécher, an op grousse Fouss, krauchen d’Schleeken op hirem Schläim duerch de Gaart.
Vill Reen, an de Gaart voller Schleeken, där rouder, bronger oder schwaarzer ouni Haischen! Wéi komme se virun, wat fir Eegenschaften huet hire Schläim, wéi friesse se meng Zalot? D’Welt vun de Schleeken ass faszinant, seet de Physiker André Mousset.