Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Mëttespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

Den Hallwer Néng

search / Den Hallwer Néng

/ Andreas Komninos

Andreas Komninos

headphones

22 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

D’Affär ronderëm Crypto4Winners gläicht engem Krimi, si ass awer batter Realitéit vun Dausenden, dacks jonken Investisseuren, déi iwwer d’Plattform deelweis grouss Zomme Geld verluer hunn. Zanter engem gudde Mount enquêtéiert de Lëtzebuerger Parquet, well d’Entreprise hei am Land enregistréiert war. Déi leséiert Investisseure komme vun iwwerall op der Welt, och aus dem Grand-Duché. Eleng déi Lëtzebuerger Etude an där den Andreas Kommninos schafft huet antëscht eng 200 Clienten déi vun der Affär betraff sinn.

Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wat muss ee kënne fir Pompjee ze ginn?

Wat muss ee kënne fir Pompjee ze ginn?

D’Rettungsdéngschter vum CGDIS rekrutéieren och dëst Joer nees eng 50 Beruffspompjeeën. Mee wat muss een dofir matbréngen? Mir maachen eis am Ausbildungszenter zu Gaasperech e Bild.
headphones

20 min

play_arrow
Wéi gutt ass déi sexuell Opklärung zu Lëtzebuerg?

Wéi gutt ass déi sexuell Opklärung zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg ass Europameeschter, wann et ëm den Zougang zu Verhütungsmëttele geet - dat weist e rezente Ranking. Mee och d’Geschlechtskrankheeten huelen zou. Mir froen am Planning Familial no, wéi dat meiglech ass.
headphones

22 min

play_arrow
Eethesch Berodung a Strukture fir eeler Leit

Eethesch Berodung a Strukture fir eeler Leit

Dat neit Gesetz iwwer d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit schreift de Prestatairen en Eethik-Comité vir. Wéi eng Froe ginn do behandelt?
headphones

24 min

play_arrow
Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen? | © Maurice Molitor

Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen?

Nëmme Virdeeler, soen de Bruno Alves aus dem Ëmweltministère an de Guy Spanier, deen et um Beispill vun der Uelzecht beleeë kann.
headphones

23 min

play_arrow
An de Kulisse vun enger Staatsvisitt | © Maurice Molitor

An de Kulisse vun enger Staatsvisitt

Den tschechesche Staatspresident kënnt op Lëtzebuerg. Den Yves Arend aus der Maison du Grand-Duc erkläert, wéi esou eng Visitt virbereet gëtt.
headphones

21 min

play_arrow
Den neie Resistenzmusée | © MNRDH

Den neie Resistenzmusée

Live aus dem frësch renovéierte Musée National de la Résistance et des Droits Humains, deen e Freideg (1.3.) nees opgeet.
headphones

20 min

play_arrow
Gesondheetsfacteur Gewiicht | © Jo Diseviscourt

Gesondheetsfacteur Gewiicht

De Luxembourg Institute of Health koordinéiert den EU-Projet Healthy W8 géint d’Vollekskränkt Obesitéit. Explikatioune vum LIH-Ernierungswëssenschaftler Torsten Bohn.
headphones

21 min

play_arrow
Ginn d’Kanner haut iwwerdiagnostizéiert?

Ginn d’Kanner haut iwwerdiagnostizéiert?

Froen un de Pediater Dr. Fernand Pauly, deen op déi kierperlech a geeschteg Entwécklung vu Kanner spezialiséiert ass.
headphones

21 min

play_arrow
Ambulant Sozial-a Familljenaarbecht vum Service PAMO

Ambulant Sozial-a Familljenaarbecht vum Service PAMO

D'Valerie Scuto-Franck Chargée de Direction vum PAMO vun der Fondatioun Kannerschalss ass d'Inviée vum Jean Claude Majerus
headphones

24 min

play_arrow
Op der Sich no engem Stéck Lëtzebuerger Konschtgeschicht

Op der Sich no engem Stéck Lëtzebuerger Konschtgeschicht

De Moler Jean-Pierre Beckius wier dëst Joer 125 Joer al ginn. Grouss Deeler vu sengem Wierk sinn haut an onbekannten Hänn. Mir froe seng Enkelinnen, wéi si se wëllen erëmfannen.
headphones

20 min

play_arrow
De Filmfong mécht eng éischt Ausschreiwung fir Videospiller

De Filmfong mécht eng éischt Ausschreiwung fir Videospiller

Viru Kuerzem huet de Filmfong eng éischt Ausschreiwung fir d’Produzente vu Videospiller lancéiert. Wat stécht dohannert? A wéi vill Videospiller ginn iwwerhaapt zu Lëtzebuerg produzéiert?
headphones

21 min

play_arrow
Hëllef fir jonk Leit an Nout

Hëllef fir jonk Leit an Nout

Informatiounen iwwer d’Fondatioun EPI (encouragement, promotion, intégratioun).
headphones

19 min

play_arrow
Lifting fir d'Esplanad

Lifting fir d'Esplanad

Haut ass den Optakt vun engem Laangzäit-Schantgen zu Réimech: laanscht d'Musel gëtt alles frësch gemaach.
headphones

19 min

play_arrow
Aarmut ass eng Realitéit

Aarmut ass eng Realitéit

Aarmut ass de Sujet ëm deen et haut am Hallwer Néng geet, de Jean Claude Majerus mellt sech aus dem Office Social deen Käl-Téiteng-Remeleng zesummen hunn a mer wäerten ëmräisse wat Aarmut hautdesdaags heescht.
headphones

25 min

play_arrow
Wéi steet et em de Bio-Secteur?

Wéi steet et em de Bio-Secteur?

Deelen d’Bio-Baueren d’Suergen, déi hir konventionell Kollegen sech maachen? A wéi gutt verkafen, déi méi deier Bio-Produiten sech an Zäite vun allgemeng héije Präisser? Dat ass eist Thema haut am Hallwer 9.
headphones

21 min

play_arrow
Diddeléng: D’Fleegestatioun fir wëll Déieren ass iwwerlaascht | © Morgane Weidig

Diddeléng: D’Fleegestatioun fir wëll Déieren ass iwwerlaascht

D’Fleegestatioun fir wëll Déieren zu Diddeléng ass ze kléng, a muss deelweis Déieren ofweisen. Wéi séier ka se ausgebaut ginn? Dat kuckt de Rick Mertens sech op der Plaz un.
headphones

18 min

play_arrow
Satir an hëtzegen Zäiten: Wéi provokativ soll se sinn?

Satir an hëtzegen Zäiten: Wéi provokativ soll se sinn?

De politeschen Débat gëtt am Moment esou opgelueden, ewéi seele virdrun. Wéi soll d’Satir domat ëmgoen? Mir froen de Karitaturist Carlo Schneider an zwee Vertrieder vum Kollektiv Richtung22.
headphones

24 min

play_arrow
E Brand a seng Konsequenzen

E Brand a seng Konsequenzen

Live vu Jonglënster. Zéng Deeg nom Feier am Gemengenhaus: Froen un de Buergermeeschter Ben Ries.
headphones

21 min

play_arrow
Liichtmëssdag an aner Bräich | © Jo Diseviscourt

Liichtmëssdag an aner Bräich

Froen un de Patrick Dondelinger, deen am Kulturministère fir dat immateriellt Kulturierwen zoustänneg ass.
headphones

21 min

play_arrow
Wéi klimafrëndlech ass den Elektroauto? | © Chris Zeien

Wéi klimafrëndlech ass den Elektroauto?

Den Thomas Gibon, Chercheur am LIST, analyséiert den Impakt vum E-Auto op d'CO2-Emissiounen.
headphones

20 min

play_arrow