Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Wëssenswäert

100komma7.lu / Wëssenswäert

/ Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen

Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen

Zanter 2016 leet de Biolog Stan Schymanski am Luxembourg Institute of Technology, dem LIST, eng Fuerschungsgrupp mam Numm Wave. Wave steet fir Water and Vegetation in a Changing Environment.
Hei geet et drëms d’Auswierkunge vum Klimawandel op eis Waasserressourcen ze erfuerschen. An deem Prozess spillt d’Vegetatioun eng prinzipiell Roll. An d’Planz déngt als Zort Leem tëschent dem Grondwaasser an der Atmosphär.
Planzen absorbéiere Waasser iwwer hir Wuerzelen, dëst dréngt da bis an d’Blieder an, a wéinst ganz klenge Lächer an de Blieder, och Stomata genannt, geléngt d’Waasser an d’Loft.
Doduercher entsteet en Austausch vu Waasser a Kuelendioxid, CO2 also. Wann déi sougenannte Stomata opsinn, kann zur nämmlechter Zäit CO2 an d’Planz andréngen a Waasser eraus.
De Stan Schymanksi a seng Ekipp erfuerschen, wéi dee Prozess an d’Verhältnis vum CO2 an der Loft an dem Waassergehalt vun der Äerd verbonne sinn. Mat hirer Recherche wëlle si Prognose maachen iwwer d’Verännerunge vum Klima.
Wéi awer beaflosst den CO2-Taux an der Atmosphär de Wuesstem vun de Planzen an domadder och de Grondwaasser-Spigel?
Abee wa fossil Brennstoffer verbrannt ginn, erhéicht den CO2-Taux sech an der Atmosphär. Planze reagéiere vill méi séier op dës Changementer, wéi dat globaalt Klima. Wann den CO2-Taux an d’Luucht geet, brauch d’Planz hir Stomata net méi esou wäit opzemaache fir den CO2, dee fir d’Fotosyntees néideg ass, opzehuelen. An esou geet och manner Waasser an d’Loft.
Nach ass net kloer, ob d’Suitte fir de Waassergehalt vun der Äerd positiv oder negativ ausfalen. Gëtt d'Grondwaasser konservéiert, well déi betraffe Planz net méi esou vill verbraucht? Oder gëtt de Planzewuesstem insgesamt duerch dat disponibelt Waasser stimuléiert a schlussendlech de Grondwaasserniveau erofgesat?
Fir dës Froen ze beäntweren, wëllen de Stan Schymanski a seng Ekipp e Blatmodell entwéckelen. Am Laboratoire fir d’Perceptioune vun de Blieder nozëempfannen. Dofir brauche si Sensoren, déi grad esou empfindlech op d'Ëmwelt reagéiere wéi d'Blieder selwer.
Net nëmmen d'Reaktioun vun de Blieder op den CO2-Inhalt vun der Loft soll simuléiert ginn, mee och Faktore wéi de Wand, d’Ofkillung duerch d’Evaporatioun. De Blatmodell soll ënner anerem och duerstellen, wéi d’Stomata funktionéieren, wéi den CO2-Gehalt an der Loft d’Vegetatioun an d’Grondwaasser beaflosst.
De Modell versprécht engersäits virauszesoen, wéi d'Vegetatioun an de Grondwaasserniveau sech veränneren, wann d’CO2-Konzentratioun an der Loft klëmmt. Anerersäits soll den Afloss vum Grondwaasserspigel op d’Vegetatioun virausgesot ginn.
Mat der Recherche an deem Modell kéinten d’Verännerungen an der Ëmwelt besser verstane ginn, an deemno kéint een op bedenklech Entwécklungen opmierksam maachen.
De Stan Schymanski fuerscht also am LIST d’Interaktiounen tëschent der Vegetatioun, dem Buedem an der Atmosphär, mam Zil den Impakt vum Notze vu Land an dem Changement op Waasserressourcë kënne virauszesoen.

Wëssenschaft
Ëmwelt

Episoden

Een Ee seet aus, wéi d’Hong gehalen ass

Kënnt en Ee vun ekologesch gehalenen Hénger oder net? Mat Hëllef vu Kär-magnéitescher Resonanz hu Fuerscher bei 4.500 Prouwe vun Eeër den Ursprong festgestallt.
headphones

2 min

play_arrow

Hëtzt a kal Duschen - déi falsch gutt Iddi

Wien huet net schonn dru gedeucht no engem laangen Dag bei summerlechen Tempraturen eng kal Dusch ze huelen? Mee opgepasst, dat wat jidderengem dee lo nolauschtert als eng ideal Solutioun kléngt kéint geschwënn vun der Iddi ofgekillt sinn.
headphones

3 min

play_arrow

Déi ongemittlechst Plaz an der Galaxie

Neien Erkenntnisser no richt de Planéit HD189733b no faulen Eeër.
headphones

1 min

play_arrow

Pop-Lidder ginn ëmmer méi simpel

Enger Analys no goufen d‘Melodien an de Rhythmus ëmmer méi simpel ginn.
headphones

2 min

play_arrow

Wat Hetz, Beleidegungen a Gewalt ausléisen

Vill Migranten a Migrantinnen hu mat psychesche Problemer ze kämpfen, wéi Depressiounen an Angschtzoustänn.
headphones

2 min

play_arrow

De Wee bei d'Waasser gëtt ëmmer méi laang

Duerch de Klimawandel musse vill Mënschen een ëmmer méi laang Wee zeréckleeë fir Waasser ze kréien. Grad Fraen a Meedercher sinn dovunner betraff.
headphones

2 min

play_arrow

Wéi vill brénge Vitaminnpëllen?

Kann eise Kierper iwwerhaapt esou vill beieneen ophuelen, a kann et vläicht esouguer schiedlech sinn?
headphones

2 min

play_arrow

Alkohol a Kultur

Wat een drénkt a wéi vill hänkt zum Deel och domadder zesummen, wou ee lieft.
headphones

2 min

play_arrow

Ass grénge Waasserstoff och wierklech klimaneutral?

Do ginn et nämlech Zweiwel drun, well net ëmmer alles, wéi Transportweeër oder d‘Produktioun vu Batterien, mat abezu ginn.
headphones

2 min

play_arrow

Haasskriminalitéit am Fussball

No verluerene Matcher geet d‘Bereetschaft zur Gewalt bei de Fans an d‘Luucht.
headphones

2 min

play_arrow

De Problem mat de multiresistente Keimer

Well d‘Méiglechkeete feelen exakt Diagnosen ze stellen, ginn an afrikanesche Spideeler ze dacks Antibioticke verschriwwen.
headphones

2 min

play_arrow

Ëmmer méi Bëschbränn

An de leschten 20 Joer huet sech d‘Zuel verduebelt.
headphones

2 min

play_arrow

Den Äerdkär dréit sech méi lues

Wourunner dat läit, ass awer net genee gewosst.
headphones

1 min

play_arrow

Walkampf op de soziale Medien

Deen ass do ëmmer méi present. Mee wéi ginn d‘Plattformen domadder ëm?
headphones

2 min

play_arrow

Systematesch Entféierunge vu Kanner

Ënnert dem Diktator Pinochet goufen am Chile zéngdausende Kanner entféiert an an anere Länner zur Adoptioun fräiginn.
headphones

1 min

play_arrow

Protest géint de VAR, de Video Assistant Referee

An der norwegescher Fussball-Liga gouf rezent géint de Videoassistent protestéiert. Dëse géif de Fussball ruinéieren, esou d‘Argumentatioun.
headphones

2 min

play_arrow

Wéi gesäit eist Klima a 60 Joer aus?

Fir déi Fro ze beäntwerten, huet e Wëssenschaftler eng interaktiv Kaart entwéckelt.
headphones

2 min

play_arrow

Scho bal d‘Hallschent vun der Äerduewerfläch betraff

Wéi en neie Projet vun der ESA weist, gëtt de Problem vun der Luuchtverschmotzung ëmmer méi grouss.
headphones

1 min

play_arrow

Setze mir Héiflechkeet strategesch an?

Et ginn Hiweiser drop, datt mir dat Wuert "wannechgelift“ ganz dacks dofir asetzen en Zil ze erreechen.
headphones

2 min

play_arrow

Nohaltege Bensinn nëmme Greenwashing?

"Grénge“ Bensinn wier beim Fléie keng realistesch Alternativ fir d‘CO2-Bilanz erofzedrécken. Zu deem Schluss kënnt eng onofhängeg Denkfabrick.
headphones

2 min

play_arrow