Nei Musek
B Tommy Andersson: Passio
Eng schweedesch Uropféierung vun der “Matthäus Passioun”. Net dem J.S. Bach seng, mee dem B Tommy Andersson säin neien Oratorium. De Komponist wëllt domat un der Passiouns-Traditioun deelhuelen. Zäitgläich setzt den Andersson awer och een neit Zeechen a wëllt och net reliéis Leit mat senger Musek erreechen.
Um Programm:
B Tommy Andersson: Passio
Interpreten:
Erik Westberg Vocal Ensemble
Anders Eriksson, Bariton
Pia-Karin Helsing, Sopran
Katarina Karnéus, Mezzo-Sopran
Erik Westberg, Dirigent