Den 30 Januar 1969 wäerten der vill iwwerrascht gekuckt a gelauschtert hunn, wéi si Musek vun de Beatles um Daach vum Apple Records Building an der Savile Row am Londoner Quartier Mayfair héieren hunn.
Et waren d’Beatles, déi bei batterer Keelt uewen um Daach gespillt hunn. De Gig ass als “Rooftop Concert” an d’Geschicht vun der Rockmusek agaangen. Et war dee leschte Concert vun de “Fab Four”.
De “Rooftop Concert” war haut viru 50 Joer. E Retromania vum Jean Claude Majerus.