Biotop
Bierenuebst schneiden
10 min
Et geet net duer seng Bieresträich am Gaart gutt ze düngen an ze nätzen, mee regelméissegt schneiden ass onbedéngt néideg fir dass vill, déck a séiss Bieren wuessen.
Et gëtt Ënnerscheeder wéini ee sollt schneiden a wéi ee sollt schneiden, mee fir all Zorte gëllt dee selwechte Prinzip:
Jonkt Holz um Strauch produzéiert vill a gutt Friichten, dofir muss een dat aalt Holz ewech schneiden.
Wéi dat geet, ouni vill Opwand, fir vun enger gudder Rekolte ze profitéieren, ginn et Explikatiounen vun der Danièle Keup, vun der Liga Gaart an Heem.