arrow_back_ios
Song vum Dag
Braake - Großer blauer Fisch
headphones
0 min
En décke bloe Fësch - dat gi mir Iech hei an eisem Song vum Dag mat op de Wee. Kléngt droleg? Esou ass d‘Kompositioun och. En optimistescht, bossegt Lidd vun eisen däitschen Noperen. D‘Band heescht Braake, an den Jamie Reinert zielt méi iwwer hir nei Single "Großer blauer Fisch“.
Musek
Rock a Pop
mic_none
Presentateur
- Jamie Reinert
Episoden
Real Estate - Water Underground
Lässegen Indi-Rock mat e bësse Stëmmung aus den 90er. Real Estate huet am Virfeld vun hirem nächsten Album eng nei Single erausbruecht, déi sech ufillt wéi Sonn an dëse groen Zäiten dobaussen.

Aure - The Line
Nëmmen e puer Wierder

The Streets - Dry your eyes
Éierlechen Herzschmerz

Albert Collins - Ice Pick
Ëm e Blues-Solo, dee laang genuch ass, fir sech eng Pizza ze bestellen, geet et hei an eisem Song vum Dag.

Björk & Rosalia - Oral
Eng islännesch a katalounesch Zesummenaarbecht

Kurt Vile - Passenger Side
Deen amerikanesche Museker Kurt Vile zitt sech heiansdo gäre mol op ee Strand um Mound zeréck ...

Nea Lone - What Does It Take?
Déi Lëtzebuerger Musekerin guidéiert mat Stëmm an Uergel an eng friddlech Zukunft

Edsun - Finally Alive
Den Edsun mecht ee Song fir d'Eurovisioun
Black Sea Dahu - Not A Man, Not A Woman
Bands aus der Schwäiz sinn op eise Bünen éischter rar. D’Formatioun Black Sea Dahu, déi e Samschdeg (18.11.) an der Kufa spillt, ass eng Entdeckung. USO (max. 400 Zeechen) Folkmusek aus der Schwäiz steet muer den Owend an der Escher Kulturfabrik
Francis of Delirium - Blue Tuesday
Nei Single an d'Annonce vum Debut-Album "Lighthouse"

Sparkling - We Are Here To Make You Feel
De Kölner Trio Sparkling ass haut den Owend (15.11.) am Gudde Wëllen op Besuch, fir eis Saache fillen ze doen.
Sinkane - Evereything is Everything (feat. Tru Osborne)
Afrikanesche Fusion-Pop, dee méi mat Lëtzebuerg ze dinn huet, wéi ee géing mengen.

Leon Russell - Tightrope
Deen 2016 verstuerwene Pianist a Songschreiwer Leon Russell war an den 1970er legendär, haut ass hien awer leider a Vergiessenheet geroden.

Jonah Yano - Concentrate
Sophistiquéierte Pop vun Toronto

The Bones Of J. R. Jones - Animals
Ënner dem Pseudonym The Bones Of J.R. Jones presentéiert den Amerikaner Jonathon Linaberry haut (9.11.) am Gudde Wëlle Blues a Folk.

Jordan Rakei - Flowers
Den Jordan Rakei wiesselt de Label, net seng Trajectoire.

Joni Mitchell - You turn me on, I'm a radio
D'Joni Mitchell huet de Singer-Songwriter-Genre gepräägt wéi kaum eng aner Kënschtlerin. Haut feiert si hiren 80. Gebuertsdag.

Sharon Van Etten - Close To You
Mat der australescher Lidderschreiwerin Courtney Barnett zesummen huet d'Sharon van Etten e Lidd fir d'Tëlees-Serie "The Buccaneers" geschriwwen.

Wild Nothing - Dial Tone
Wann ee Weeër geet, déi ee scho gaangen ass, kann een trotzdeem mat neiem Material erauskommen.

Angie McMahon - Making It Through
Déi australesch Musekerin Angie McMahon liwwert ee gefillsvollen Abléck an ee beschäftegte Kapp a bitt domat gläichzäiteg eng Plaz vu Rou.

Johnny Marr - Somewhere
De Song vum Dag kënnt vun engem Mann, dee laang an der zweeter Rei stoung, éier hie sech an eng Solo-Karriär lancéiert huet: den The Smith-Gittarist Johnny Marr.

Duran Duran - Bury A Friend (Billy Eilish Cover)
Den Doud an d'Léift treffe sech op enger verréckter Halloween Party.

Lour Reed - Vicious
Virun 10 Joer ass de Lou Reed versuerwen. Eng amerikanesch Legend déi seng Lidder ni perfekt drop hat. An dat war gutt.

Jeff Tweedy - Filled With Wonder Once Again
Den Jeff Tweedy liwwert mat sengem neie Cover eng konkret a soft Nummer, déi mat der elektrescher Gittar souguer e bëssi zum schimmere bruecht gëtt.

Holly Macve – Suburban House (Feat. Lana del Rey)
Firwat ass et wichteg, vu wou d’Lana del Rey hirkënnt? Well et hir wichteg ass ze weisen, dass si et net vergiess huet.

Sampha - Suspended
De Mann mat der seideger Stëmm mellt sech mat enger neier Solo-Plack „Lahai“ zeréck. Tëscht Rou an Onrou.

Badbadnotgood & Charlotte Day Wilson
Jazz fir Banausen? Badbadnotgood beweise Feingefill.

Caroline Polachek - Dang
Der kalifornescher Sängerin Caroline Polachek hir nei Single hat et net op déi lescht Plack gepackt... “Dang” ass méi liicht a verfréckelt wéi hir rezent Sortien.

Brittany Howard - WHAT NOW
A wat elo? D'Brittany Howard, fréier eemol Frontfra bei den Alabama Shakes, ass mat enger neier Single zeréck.
