Bewosst Gesond
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet
13 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/153173/image-thumb__153173__base_thumbnail/Glycemic%20Index.6f92e394.jpg)
Zu Lëtzebuerg liewe ronn 35.000 Persoune mat Diabeetes an all Joer kommen der 900 dobäi. Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwäerter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
Prädiabeetes, deen duerch eng chronesch gestéiert Blutzockerreaktioun gekennzeechent ass, ass e Risikofacteur fir Diabeetes Typ2 ze entwéckelen. Ongeféier 70 Prozent vun de Persoune mat Prädiabeetes hu spéider en Diabeetes Typ 2.
“D’glykämesch Reaktioun, also wéi schnell a wéi staark de Bluttzocker nom Iessen an d’Luucht geet, hänkt net just vun der Aart vun de Kuelenhydrater of, mee och nach vu villen anere Facteuren.
Wann ee Liewensmëttele mat engem héije glykämeschen Index ësst, geet den Zockerwäert am Blutt séier an héich an d’Luucht. Dëst féiert dozou, datt de Kierper vill Insulin ausschëtt, an dat kann en Ënnerzocker an ‘Heisshunger’ ausléisen. Dacks reagéiert een dorop andeems een eppes Séisses oder eppes ësst mat ville Kuelenhydrater. Doduerch geet de Bluttzockerwäert erëm héich an d’Luucht an op laang Siicht kann dat dozou féieren, datt een zouhëlt.
Fir d’Preventioun vum Diabeetes an Iwwergewiicht an aneren ernärungsassoziéierte Krankheeten ass et wichteg, Liewensmëttele mat engem nidderege glykämeschen Index ze privilegéieren an esou staark Bluttzockerwäerter ze vermeiden, a se siedege besser a kënnen dobäi hëllefe Gewiicht ze reduzéieren”,
seet d’Alexandra Schmit, Dieteticienne vun der Maison du Diabète.
D’Oprechterhale vun engem normale Bluttzockerspigel ass entscheedend fir d’Preventioun an d’Kontroll vum Diabeetes. Heibäi sollen de glykämeschen Index an d’glykämesch Last eng Hëllef sinn. Wat dat genee ass, erkläert d’Dieteticienne.
Presentéiert vum
- Angie Maquil
Episoden
![Superfood: Mythos oder Realitéit?](/1_Foto/100komma7.lu/188293/image-thumb__188293__base_thumbnail/Superfood.9c69e1d9.jpg)
Superfood: Mythos oder Realitéit?
Wat si Superfoods a wat stécht wierklech hanner dem Hype?
![Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2](/_default_upload_bucket/188167/image-thumb__188167__base_thumbnail/Artemisia.c0a8eaf7.jpg)
Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provence 2/2
Zesumme mat der Ernärungsberoderin Lis Muller geet et op d‘Entdeckungsrees „Saveurs et Senteurs“ vun de Kraider aus der Provence.
![KI an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/60262/image-thumb__60262__base_thumbnail/Hotelschoul%20Direkter%20Michel%20Lanners.29fc4ff3.jpg)
KI an der Hotelschoul
Wéi sech d'Hotelschoul mat der Kënschtlecher Intelligenz ausernanersetzt a se integréiert.
![D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2](/_default_upload_bucket/185410/image-thumb__185410__base_thumbnail/Provincial%20herbs.863eafd7.jpg)
D’Räich vun de Kraider aus der Provence - 1/2
Zesumme mat der Ernärunsgberoderin Lis Muller geet et op Entdeckungsrees an d’Räich vun de Kraider aus der Provencee: e klengen Iwwerbléck iwwer eng Saveur-et-Senteurs-Rees.
![Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?](/1_Foto/100komma7.lu/183895/image-thumb__183895__base_thumbnail/Tomat%20DNA%20Spr%C3%ABtz.065c6b45.jpg)
Nei Gentechnik: steet eis Walfräiheet an der Liewensmëttelauswiel um Spill?
Déi Europäesch Unioun plangt d‘Reglementer fir nei Gentechnik ze lockeren, mam d'Zil, d‘Entwécklung an d‘Benotze vun esou Technologien an der Landwirtschaft ze fërderen.
![Beien | © Bigstock / Davizro Photography Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen | © Bigstock / Davizro Photography](/1_Foto/100komma7.lu/184123/image-thumb__184123__base_thumbnail/Hunneg.878d47f4.jpg)
Den Hunneg a a seng erstaunlech Wierkungen
Souwuel als Liewensmëttel wéi och an der Kosmetik beléift, an e gëllt och als Heelmëttel.
![Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren](/1_Foto/100komma7.lu/181120/image-thumb__181120__base_thumbnail/Hond%20Fudder.2e8847ac.jpg)
Fuddermëttelkontroll: Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Notz- an Hausdéieren
D’Fuddermëttelkontroll vun der ALVA këmmert sech zu Ettelbréck ëm d’Iwwerwaachung vun der Fuddermëttelsécherheet fir Haus- an Notzdéieren.
![Alles ronderëm den Huewer](/1_Foto/100komma7.lu/179881/image-thumb__179881__base_thumbnail/Huewermiel.ee843daf.jpg)
Alles ronderëm den Huewer
Huewer ass méi Nährstoffräich wéi aner Kärenzorten
![Stressiessen](/legacy/images/4789/image-thumb__4789__base_thumbnail/St%C3%A9phanie%20Rosquin.8bb1c9cd.jpg)
Stressiessen
An enger Zäit wou Stress en ëmmer präsenten Begleeder ginn ass, greife vill Leit zu Iessen als Copingmechanismus. Mee wat genee ass Stressiessen?
![Fake News am Beräich Ernärung](/_default_upload_bucket/176818/image-thumb__176818__base_thumbnail/Spinat_1.8705e77b.jpg)
Fake News am Beräich Ernärung
Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
![Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg](/1_Foto/100komma7.lu/172070/image-thumb__172070__base_thumbnail/Isabelle%20Frank%20Photo.eee0424d.jpg)
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg
Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
![Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung](/1_Foto/100komma7.lu/171419/image-thumb__171419__base_thumbnail/Liewensm%C3%ABttelkontroll.ebff6804.jpg)
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung
D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
![Marathon | © Bigstock / Pavel1401 Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401](/1_Foto/100komma7.lu/170258/image-thumb__170258__base_thumbnail/Marathon.91fcda41.jpg)
Gutt iessen, gutt lafen
Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
![Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien](/1_Foto/100komma7.lu/168923/image-thumb__168923__base_thumbnail/Microgreens.b9b871e7.jpg)
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien
Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
![Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul](/1_Foto/100komma7.lu/154157/image-thumb__154157__base_thumbnail/Steve%20Lentz.162bfc57.jpg)
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul
Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
![D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet](/1_Foto/100komma7.lu/153173/image-thumb__153173__base_thumbnail/Glycemic%20Index.6f92e394.jpg)
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet
Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
![© Bigstock Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock](/1_Foto/100komma7.lu/153485/image-thumb__153485__base_thumbnail/Mann%20dee%20schl%C3%A9ift.16245819.jpg)
Schlank am Schlof: geet dat?
Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
![Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung](/1_Foto/100komma7.lu/145511/image-thumb__145511__base_thumbnail/Bewosst%20Gesond%2006.03.b19043a8.jpg)
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung
Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
![D‘Rommel Bommel an hir Frënn](/1_Foto/100komma7.lu/143918/image-thumb__143918__base_thumbnail/Roud%20Rommelen_1.4704232d.jpg)
D‘Rommel Bommel an hir Frënn
Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
![Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung](/1_Foto/100komma7.lu/142187/image-thumb__142187__base_thumbnail/Patrick%20Hau%202.7dd8f4c9.jpg)