Bewosst Gesond
D‘Rommel Bommel an hir Frënn
13 min
De Laurent Baulesch aus der Schmaachschoul vu Branebuerg verzielt eis haut, wat sech alles zanter der Ouverture d‘lescht Joer am Mee gedoen huet an der Schmaachschoul, a mir intresséieren eis fir eng al bekannte Geméiszort: d’Rommel, e Geméis, dat voller Iwwerraschunge stécht. De Laurent wäert op d’Närstoffer agoen an iwwer d'Villfältegkeet vun der Rommel schwätzen, a wéi ee se an der Kiche verwäerte kann.
A virun allem gëtt an der Schmaachschoul grousse Wäert drop geluecht, wéi ee se de Kanner och kann zoubereeden, datt se schmaachen. An den Ateliere ronderëm d’Buch “D‘Rommel Bommel an hir Frënn“ ginn et flott Rezepter, déi ee mat der Rommel zaubere kann, ob réi, gekacht, ob als Limonad, Chipsen, am Kuch, a souguer an de Verwuerelter.
Awer och a Kachcoursë fir de Grand public ass d’Rommel op d'mannst bei engem Rezept dobäi.
Presentéiert vum
- Angie Maquil