Radioen

On air

Notturno  |  This Is The Kit - All Written Out In Numbers

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien zesumme mam Mozarteumorchester Salzburg ënner der Direktioun vum Antonelle Manacorda. Um Programm stinn ënnert anerëm Airen aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.

Dëst ass e Matschnëtt vum Concert vum 27. August 2023 aus dem Grousse Sall vum Mozarteum zu Salzburg. De Concert ass nach bis den 22. Mee 2024 op www.opus.radio online disponibel.

Programm:
Wolfgang Amadeus Mozart (1756—1791):

Sinfonie a Mi bemol Majeur, KV 16
Vado, ma dove? oh Dei!, Arie fir Sopran an Orchester, KV 583
Per pietà, ben mio Rondo der Fiordiligi, aus dem Dramma giocoso Così fan tute, KV 588
Chi sà, chi sà, qual sia, Arie fir Sopran an Orchester, KV 582
Non mi dir, bell’idol mio, Arie vun der Donna Anna aus dem Dramma giocoso Don Giovanni, KV 527
Sinfonie an Do majeur, KV 551 — „Jupiter“

Interpreten:
Golda Schultz, Sopranistin
Mozarteumorchester Salzburg,
Alexander Gergelyfi, Cembalo
Antonello Manacorda, Direktioun

Musek
Concert
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Sheku Kanneh-Maston spillt Elgar

Lauschtert de Concert vum jonken Cellist beim Verbier Festival 2023

En Owend mat der Sheherazade

De Sinfoneschen Orchester vu Radio France ënner der Baguette vum Pietari Inkinen hëllt eis mat op eng Rees duerch en imaginéierten Orient. D'Sopranistin Fatma Saïd iwwerhëllt d'Roll vun der Sheherazade.

Inspiratioun aus der Renaissance

De Sinfonieorchester Norrköping spillt Wierker, déi vun zwee bedeitende Renaissance-Moler inspiréiert goufen.

Bruckner 5

De WDR Sinfonieorchester spillt déi fënneft Sinfonie vum Anton Bruckner, ënner der Leedung vum Marek Janowski.

La France fantastique

De Shanghai Philharmonic Orchestra spillt Wierker vu franséische Komponisten: Bizet, Debussy, Fauré a Franck.

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

ICMA

De Gala-Concert vun den International Classical Music Awards 2024

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.

D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival

E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.

Colin Pütz: en Numm, deen ee sech mierke sollt

Dee 17-järege Pianist spillt den 21. Pianosconcerto vum Mozart, zesumme mam George Enescu Philharmonic Orchestra.

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Den Éisträicher Operesänger Liviu Holender sengt Musek vum Gustav Mahler.

Schubert a Schumann

SWR Symphonieorchester, Giovanni Antonin a Sol Gabetta