Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bombay Bicycle Club - Diving Feat. Holly Humberstone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

100komma7.lu / Bewosst Gesond

/ Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

Déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung

headphones

12 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Mam Gesetz vum 8. September 2022 gouf déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung kreéiert duerch d'Zesummeféiere vu 4 existente staatlechen Instanzen déi virdrun 3 Ministèren ënnerstoungen.
Déi nei ALVA ënnersteet elo aleng dem Landwirtschaftsministère, deen domadder Missioune vun der Santé a vum Konsumenteschutz iwwerhëlt an niewent der Production primaire vun de Liewensmëttel, der Déieregesondheet an dem Déierewuel och zoustänneg ginn ass fir Transformatioun an Distributioun vun de Liewensmëttel an dëst vum Bauerebetrib bis op den Teller vum Konsument.
Invité ass den Direkter vun der neier Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (Alva), de Felix Wildschutz.

FUSIOUN VU VÉIER SERVICER FIR MÉI SÉCHERHEET AN DER LIEWENSMËTTELKETTEN

Ënnert Opsiicht vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung ëmfaasst d’ALVA d’Majoritéit vun den aktuellen Administratiounen a Servicer, déi un der Kontroll vun der Liewensmëttelkette bedeelegt sinn:
• d’Veterinärverwaltung (ASV);
• de Liewensmëttel-Kommissariat (COMALIM);
• d’Divisioun vun der Liewensmëttelsécherheet vun der Santé (SECUALIM);
• de Service fir Déierefudder-Kontrolle vun der Ackerbau-Verwaltung (ASTA).

Souwuel um lëtzebuergesche Marché, wéi och beim Import an Export, ass d’ALVA déi eenzeg Verwaltung, déi fir déi offiziell Kontrolle betreffend d’Sécherheet a Konformitéit vun de Liewensmëttelketten zoustänneg ass:
• Kontroll vum Déiereschutz an der Gesondheet vun den Déieren;
• Kontroll vu Fuddermëttel;
• Kontroll vu Liewensmëttel;
• Kontroll vu Materialien a Géigestänn, déi mat Liewensmëttel a Kontakt kommen.

Dës Restrukturatioun erméiglecht eng effizient Organisatioun, eng Vereinfachung vun den administrative Prozeduren, an eng harmoniséiert Uwennung vun der Reglementatioun an alle Beräicher vun der Liewensmëttelketten.
Zousätzlech gëtt d’ALVA zum zentrale Kontaktpunkt fir d’Liewensmëttelbetriber an d’Konsumenten

Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Fake News am Beräich Ernärung

Fake News am Beräich Ernärung

Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
headphones

14 min

play_arrow
Fake News am Beräich Ernärung

Fake News am Beräich Ernärung

Et ginn eng Onmass Zäitschrëften, Bicher, Internetsäiten iwwer gesond Ernärung,iwwer Regimmer oder Rotschléi fir physesch méi fit ze ginn. Wéi weit sinn dös Informatioune richteg, wéi funktionéiere fake News?
headphones

14 min

play_arrow
Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Tourismus a Wuelbefannen an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

Eng Weltrees, déi op 4ème ze Lëtzebuerg an an der Groussregioun ufänkt an op der 1ère a Mikronesien am Pazifik ophält
headphones

7 min

play_arrow
Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

Permanent Kontrollen um Findel vun der Lëtzebuerger Veterinärs- an Liewensmëttelverwaltung

D'ALVA, d'Administration luxembourgeoise vétérinaire et alimentaire kontrolléiert reegelméisseg vill Déieren a grouss Quantitéite Planzen a Liewensmëttel aus Drëttstaaten, déi bei eis an d‘Land importéiert ginn.
headphones

13 min

play_arrow
Gutt iessen, gutt lafen | © Bigstock / Pavel1401

Gutt iessen, gutt lafen

Déi richteg Ernärung fir e Marathon ze lafen
headphones

9 min

play_arrow
Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Microgreens a Sprossen: eng Extra-Portioun Vitaminnen a Mineralien

Se si knackeg, frësch, schaarf oder wierzeg a liwweren eis eng héich Konzentratioun un Nährstoffer a kënnen dat ganzt Joer liicht gezillt ginn.
headphones

12 min

play_arrow
Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Vegan a vegetaresch Kichen an der Hotelschoul

Ökologeschen Engagement an der École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg an net nëmmen eng Äntwert op en Trend vum Marché
headphones

11 min

play_arrow
D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

D'Bedeitung vum glykämeschen Index fir d'Gesondheet

Reegelméisseg ze héich Bluttzockerwärter sinn ee Risikofacteur fir Prädiabeetes an Diabeetes Typ 2.
headphones

13 min

play_arrow
Schlank am Schlof: geet dat? | © Bigstock

Schlank am Schlof: geet dat?

Ernärung a Schlof sinn zwee wesentlech Piliere fir eis Gesondheet a Wuelbefannen.
headphones

8 min

play_arrow
Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Entzündungen am Kierper an den Afloss vun eiser Ernärung

Wéi eng Relatioun gëtt et bei der Entwécklung, vu de sougenannte " tëllen Entzündungen", mat der Ernärung
headphones

11 min

play_arrow
D‘Rommel Bommel an hir Frënn

D‘Rommel Bommel an hir Frënn

Mam villfältege Wantergeméis der Rommel entdecke mir Neies aus der Schmaachschoul.
headphones

13 min

play_arrow
Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Liewensmëttelsécherheet an d'Vermaartung

Séchert Iessen ennerläit der Verantwortung vun all Acteur an der Liewensmëttelketten an get durch d’ALVA zu Letzebuerg iwwerwaacht.
headphones

18 min

play_arrow

Geet d'Léift wierklech duerch de Mo?

Iessen ass en zentrale Bestanddeel vun de Féierlechkeeten op Vältesdag, a vill Leit gesi kulinaresch Experiencen als e wichtege Wee fir Léift auszedrécken.
headphones

11 min

play_arrow

Gesond Ernärung op der Aarbecht

Iddien an Ustéiss, fir eng gesond Ernärung am Beruffsalldag,vun der Ernärungsberoderin Lis Muller.
headphones

16 min

play_arrow
Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel

Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel

D’ALVA, déi nei Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung, këmmert sech ëm d’Iwwerwaachung vum Déiereschutz an Déierewuel bei Haus-, Notz- a Labosdéieren.
headphones

18 min

play_arrow

Wuelbefannen a mental Gesondheet

Journée de Bien-Être an der Hotelsschoul zu Dikrech
headphones

13 min

play_arrow

Diabetes a grouss Ernärungstrends: den Afloss vun den neien "-tarier"

Dacks ginn dës Ernärungstrends als méi gesond dohi gestallt. Mee ass dat wierklech ëmmer de Fall?
headphones

15 min

play_arrow
Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien | © Bigstock / artiemedvedev

Eist Iessverhalen an den Impakt vun de soziale Medien

Plattforme wéi Instagram, TikTok a Co, hunn e groussen Afloss op eisen Alldag, awer wéi vill beaflosse se tatsächlech eis Iessgewunnechten? Ass dee ganzen Ernährungs-Social-media-Trend éischter positiv oder negativ ze bewäerten?
headphones

12 min

play_arrow
Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget

Gesond Ernärung och mat engem klenge Budget

Kaafe just wat ee brauch, esou spuert ee Geld an et gëtt näischt verbëtzt.
headphones

14 min

play_arrow
Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Realistesch Ziler fir dat neit Joer

Wéi kann ech mir realistesch Ziler am Kontext vun enger gesonder Ernärung setzen a wéi wichteg ass Flexibilitéit fir dës Ziler ze erreechen?
headphones

11 min

play_arrow