Bewosst Gesond
Déiereschutz: Iwwerwaachung vum Déierewuel
18 min
D’ALVA féiert Déierewuelkontrollen duerch, souwuel op de Bauerebetriber, bei Déiereveranstaltungen, am Schluechthaus, bei de Véihändler fir den Export aus Lëtzebuerg an um Findel beim Import an Export aus der EU. Bei Haus- an Notzdéieren, wou ee Verdacht op Mëssbrauch besteet, féiert d’ALVA och Kontrollen duerch. Hei gëtt d’Verwaltung duerch Plaintë vu Bierger op potentiell Mëssstänn opmierksam gemaach. Och d’Déieren, déi fir wëssenschaftlech Experimenter benotzt ginn, gi vun der ALVA op hiert Déierewuel kontrolléiert. D’Iwwerwaachung vum Déierewuel baséiert op europäesche Richtlinnen iwwer de Schutz vun Déieren: 1. beim Transport (2005), 2. beim Doutmaachen (2009), an 3. déi fir wëssenschaftlech Zwecker verwennt ginn (2010), an op engem nationalen Déiereschutz Gesetz vun 2018.