Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

Kultur am Gespréich

100komma7.lu / Kultur am Gespréich

/ Der Chantal Maquet hir Heemecht

Der Chantal Maquet hir Heemecht

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Fir sechs Méint zeréck an d’Heemecht? Déi Lëtzebuerger Molerin a Walhamburgerin Chantal Maquet huet d’Invitatioun vum Maarnecher Cube fir eng Kënschtlerinne-Residenz an der Ermitage vu Klierf ugeholl. A si huet sech mam Sujet befaasst, dee souzesoe virun der Dier louch: d’Heemecht, d’Verwuerzelung.

"Jo, Heemecht ... bei mir geet et ebe grad dorëms, datt mir alleguerten eng Heemecht hunn, an déi Heemecht, déi eis do ëmmer versprach gëtt, dat ass net onbedéngt déi, vun där ech schwätzen. Ech denken Heemecht éischter inklusiv an net exklusiv; also et bezitt alleguerten d’Mënschen an, déi hei sinn an heihinner kommen. Eng Heemecht ass och näischt, wat ee schütze muss, well eng Heemecht ass eng lieweg Geschicht!“, esou d‘Chantal Maquet.

Informatiounen iwwer d‘Molerin an hir Konscht fannt Dir op www.chantal-maquet.com.

Kultur
Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden