An Däitschland ginn d’Leit géint Rietsextremismus a géint déi rietsextreem Partei AfD op de Strooss. Honnertdausenden hu sech dëse Weekend nees a veschidden däitsche Stied un de Protester bedeelegt.
Virun 91 Joer, den 30. Januar 1933, gouf den Adolf Hitler Reichskanzler an Däitschland. Et kann ee Parallellen zéie mam Däitschland vun haut, mengt d’Simone Beck, Presidentin vun der Lëtzebuerger UNESCO-Kommissioun.