arrow_back_ios
Song vum Dag
“Different Now” - Courtney Barnett
headphones
0 min
Wann eng Australierin e Lidd vun enger amerikanescher Band covert, muss et net onbedéngt op d’Kopp geworf ginn, fir datt et sech anescht unhéiert. Dat weist d’Courtney Barnett mat hirem Cover vun “Different Now”.
Musek
Rock a Pop
mic_none
Presentateur
- Joé Birchen
Episoden

Kid Colling Cartel - Cold Blooded
De Kid Colling Cartel bréngt eng nei Plack am Februar an teast se mat "Cold Blooded“ - engem Titel mat rullender Uergelbegleedung a schwéierem Gittareriff.

Yumi Zouma - Desert Mile
Ass Iech heiansdo einfach alles e bësse vill? Eise Song vum Dag invitéiert, d‘Gedanke lafen ze loossen. Sollten Iech ze vill Wolleken um Himmel sinn, hu Yumi Zouma e puer Sonnestrale prett.

Roy Orbison - You Got It
De Succès vu senger Single “You Got It” huet de Roy Orbison net méi materlieft. Den Titel koum posthum eraus, ee Mount nodeem den Orbison op engem 6. Dezember 1988 gestuerwe war.

Frank Zappa - Uncle Remus
Viru genee 30 Joer ass deen non-konformistesche Museker gestuerwen. Mir gedenken u seng wëll Kreativitéit a seng frech Attitude.

C'est Karma - Hearts on Windows
Heiansdo erwëscht Dir Iech sécher och dobäi: et kuckt ee just fir eng Minutt aus der Fënster, an Dir kommt aus deem Moment zeréck wéi vun enger Weltrees.

Fatoumata Diawara - Netara
Musek mat engem Touch Feminismus

Real Estate - Water Underground
Lässegen Indi-Rock mat e bësse Stëmmung aus den 90er. Real Estate huet am Virfeld vun hirem nächsten Album eng nei Single erausbruecht, déi sech ufillt wéi Sonn an dëse groen Zäiten dobaussen.

Aure - The Line
Nëmmen e puer Wierder

The Streets - Dry your eyes
Éierlechen Herzschmerz

Albert Collins - Ice Pick
Ëm e Blues-Solo, dee laang genuch ass, fir sech eng Pizza ze bestellen, geet et hei an eisem Song vum Dag.

Björk & Rosalia - Oral
Eng islännesch a katalounesch Zesummenaarbecht

Kurt Vile - Passenger Side
Deen amerikanesche Museker Kurt Vile zitt sech heiansdo gäre mol op ee Strand um Mound zeréck ...

Nea Lone - What Does It Take?
Déi Lëtzebuerger Musekerin guidéiert mat Stëmm an Uergel an eng friddlech Zukunft

Edsun - Finally Alive
Den Edsun mecht ee Song fir d'Eurovisioun
Black Sea Dahu - Not A Man, Not A Woman
Bands aus der Schwäiz sinn op eise Bünen éischter rar. D’Formatioun Black Sea Dahu, déi e Samschdeg (18.11.) an der Kufa spillt, ass eng Entdeckung. USO (max. 400 Zeechen) Folkmusek aus der Schwäiz steet muer den Owend an der Escher Kulturfabrik
Francis of Delirium - Blue Tuesday
Nei Single an d'Annonce vum Debut-Album "Lighthouse"

Sparkling - We Are Here To Make You Feel
De Kölner Trio Sparkling ass haut den Owend (15.11.) am Gudde Wëllen op Besuch, fir eis Saache fillen ze doen.
Sinkane - Evereything is Everything (feat. Tru Osborne)
Afrikanesche Fusion-Pop, dee méi mat Lëtzebuerg ze dinn huet, wéi ee géing mengen.

Leon Russell - Tightrope
Deen 2016 verstuerwene Pianist a Songschreiwer Leon Russell war an den 1970er legendär, haut ass hien awer leider a Vergiessenheet geroden.

Jonah Yano - Concentrate
Sophistiquéierte Pop vun Toronto

The Bones Of J. R. Jones - Animals
Ënner dem Pseudonym The Bones Of J.R. Jones presentéiert den Amerikaner Jonathon Linaberry haut (9.11.) am Gudde Wëlle Blues a Folk.

Jordan Rakei - Flowers
Den Jordan Rakei wiesselt de Label, net seng Trajectoire.

Joni Mitchell - You turn me on, I'm a radio
D'Joni Mitchell huet de Singer-Songwriter-Genre gepräägt wéi kaum eng aner Kënschtlerin. Haut feiert si hiren 80. Gebuertsdag.

Sharon Van Etten - Close To You
Mat der australescher Lidderschreiwerin Courtney Barnett zesummen huet d'Sharon van Etten e Lidd fir d'Tëlees-Serie "The Buccaneers" geschriwwen.

Wild Nothing - Dial Tone
Wann ee Weeër geet, déi ee scho gaangen ass, kann een trotzdeem mat neiem Material erauskommen.

Angie McMahon - Making It Through
Déi australesch Musekerin Angie McMahon liwwert ee gefillsvollen Abléck an ee beschäftegte Kapp a bitt domat gläichzäiteg eng Plaz vu Rou.

Johnny Marr - Somewhere
De Song vum Dag kënnt vun engem Mann, dee laang an der zweeter Rei stoung, éier hie sech an eng Solo-Karriär lancéiert huet: den The Smith-Gittarist Johnny Marr.

Duran Duran - Bury A Friend (Billy Eilish Cover)
Den Doud an d'Léift treffe sech op enger verréckter Halloween Party.

Lour Reed - Vicious
Virun 10 Joer ass de Lou Reed versuerwen. Eng amerikanesch Legend déi seng Lidder ni perfekt drop hat. An dat war gutt.
