Radioen

On air

Concert  |  Live-Opnam vum Kuhmo Chamber Music Festival

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ "Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

"Ech sollt do eigentlech net eleng stoen"

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow

Déi éischt Hallschent vum Album “Schubert” hunn d'Tania an de Christian Tetzlaff zesumme mam Pianist Lars Vogt opgeholl. Dat war kuerz nodeems hie gewuer gouf, datt mat sengem Kierper eppes net stëmmt. Wärend si déi zweet Hallschent opgeholl hunn, war de Pianist matten a sengem medezineschen Traitement. 2022 ass de Lars Vogt u senger Krankheet gestuerwen an 2023 goufen d'Opnamen, déi hie mat senge gudde Frënn opgeholl huet, publizéiert.
Dësen Album gouf leschte Freideg (12.04) bei der Präisiwwerreechung vun den International Classical Music Awards an der Kategorie Chamber Music geéiert. De Luc Boentges huet sech no der Generalprouf fir de Gala-Concert mat der Cellistin Tanja Tetzlaff getraff, fir mat hir iwwer hiren Optrëtt an den Album ze schwätzen.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Klenge Maarnecher Festival 2024

E Museksfestival am Éislek mat laanger Traditioun
headphones

7 min

play_arrow

Piano Days 2024

Vum 21. bis de 24. Mäerz am Stater Conservatoire
headphones

9 min

play_arrow

Irgendwo im Himmel ...

Dat ass den Titel vum Concert an der Congresshalle zu Saarbrécken, deen de radio 100,7 de Sonndeg de moien um 11 Auer live iwwerdréit.
headphones

7 min

play_arrow

Geschichten, Biller a Musek

Am Mierscher Kulturhaus gi Geschichten aus dem E.T.A. Hoffmann sengen "Nachtstücke" mat neier Musek a mat spontane Biller erzielt.
headphones

7 min

play_arrow

“En Dram, deen an Erfëllung gaangen ass”

De Lëtzebuerger Trompettist Max Asselborn spillt zanter 2020 am Schweedesche Radiosinfonie-Orchester
headphones

11 min

play_arrow

Dudelsak, Jazz an en TikTok-Star...

... an dat a Kombinatioun mat Uergel gëtt et an der Editioun vun dësem Joer um Festival international d'orgue de Dudelange.
headphones

7 min

play_arrow

Bestëmmung fonnt!

Déi lëtzebuergesch-italieenesch Dirigentin Camilla Rossetti dirigéiert hir éischt Produktioun zu Lëtzebuerg.
headphones

8 min

play_arrow

“Et gëtt vill gelaacht, an dat ass schéin”

De Pianist Jean Muller an d’Geiistin Martha Khadem-Missagh spille schonn zanter ronn 20 Joer zesummen. De Sonndeg, den 10. Mäerz ass hiren nächste Concert zu Buerglënster.
headphones

10 min

play_arrow

D'Laureate vum Conservatoire an der Philharmonie an am CAPE

Ënner der Baguette vum Nuno Coelho spille si zwee Concerten zesumme mat de Lëtzebuerger Philharmoniker.
headphones

40 min

play_arrow

"Et ass eng grouss Iwwerraschung"

E Gespréich mam Cyrille Dubois, Gewënner vum International Classical Music Award 2024 an der Kategorie Baroque Vocal
headphones

5 min

play_arrow

In Memoriam Françoise Groben

Den neien Album vun Hänssler Classics ass en Hommage un d‘Lëtzebuerger Cellistin Françoise Groben.
headphones

5 min

play_arrow

Si huet sech als Kand eng Harf vum Kleesche gewënscht

De 4. Mäerz ass e Concert ënner dem Titel La Harpe fantastique am Kammermusekssall vun der Philharmonie.
headphones

7 min

play_arrow

Paysages en Variations

Den 2. Mäerz gëtt et am Mierscher Kulturhaus en interaktive Concert mat Improvisatiounen a Projektioune vu Naturfotoen
headphones

8 min

play_arrow
Vun Hierken, Barock-Hits a Pianospartituren am Ensembel | © Wim Rosiers

Vun Hierken, Barock-Hits a Pianospartituren am Ensembel

Den 3. Mäerz trëtt den Ensembel RedHerring baroque bei den RMVA zu Colmer-Bierg an der Kierch op.
headphones

6 min

play_arrow

Walking The Dog

Den Andreas Mader an de Joseph Moog bréngen zwee Instrumenter zesummen, déi een net esou dacks zesummen héiert.
headphones

5 min

play_arrow

“Today is my birthday so I hope everybody comes”

Dee jonke schottesche Gittarist Sean Shibe spillt den Dënschdeg 27. Februar fir d'éischt Kéier e Concert an der Philharmonie.
headphones

10 min

play_arrow

Duruflé: échappées grégoriennes

D'Maîtrise séngt fir déi éischte Kéier an der Philharmonie. Um Programm stinn Duruflé, Dupré an Alain.
headphones

5 min

play_arrow

De Beethoven a seng fënnef Pianosconcertoen

De Joachim Fontaine huet sech op d'Spuren vum Beethoven senge fënnef grousse Wierker fir Piano an Orchester gemaach.
headphones

12 min

play_arrow

„Beethoven ist mein Leben“

Den éisträichesche Pianist Rudolf Buchbinder spillt dësen Donneschden a Freiden dem Beethoven seng Pianosconcertoen an der Philharmonie
headphones

9 min

play_arrow

Den OCL sicht eng nei musekalesch Leedung

D'Corinna Niemeyer verléisst den Orchestre de Chambre du Luxembourg, elo gëtt eng nei Direction musicale gesicht.
headphones

8 min

play_arrow