Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Bewosst Gesond

search / Bewosst Gesond

/ École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Invité ass den Direkter vun der Hotelschoul, de Michel Lanners.
"Striving for Excellence";
D’École d’Hôtellerie et de Tourisme du Luxembourg (EHTL) zu Dikrech, gouf op Initiativ vun Hôtellieren an Restaurateure gegrënnt. Wärend de Wanterméint, wou d’Betriber méi lues gelaf sinn, konnten d’Proprietären esou hire Kanner eng Formatioun bidden, fir spéider de Betrib kënnen ze iwwerhuelen. Am Joer 1949 gouf d’Schoul vum Lëtzebuerger Staat iwwerholl an ass houfreg d'nächst Joer säi 75. Jubiläum ze feieren.
D’Schoul positionéiert sech haut als Acteur am Déngscht vun der Hospitalitéit, a méi besonnesch am Déngscht vun der Hotellerie, der Gastronomie an dem Tourismus. D’EHTL definéiert sech duerch d’Konzept vun der Hospitalitéit, dorausser staamt déi rezent institutionell Entwécklung. D‘EHTL ass haut eng modern, ambitiéis an dynamesch Institutioun, déi sech als Zil gesat huet de Schüler a Studente Perspektiven ze bidden.
D’EHTL ass breetgefächert opgestallt wat d’Offer u Formatiounen ubelaangt, sie bitt haut Héischschoulformatiounen, beruffsbegleedent Formatiounen, professionell Formatiounen, sou wéi Formatiounen an englescher Sprooch un. Rezent sinn och CLIJA- an Réfugiésklassen opgaangen.
D’Schoul ass aktiv am Beräich vun der weiderer Beruffsausbildung fir Professioneller, extra Coursen ginn ugebueden mat renomméierten Partner. Fuerschungs- an Innovatiounsprojeten ginn entwéckelt, Consultance Servicer fir Entreprisen ginn ugebueden. D’EHTL huet eng richteg Marketingpolitik vun der Schoul mat exklusive Produiten implementéiert ( Arganuelesch, Fleur de sel, Peffer, wëllen Oregano, Wäin ), déi all eng bestëmmte Geschicht z’erzielen hunn, an zäitgläich och d'Qualitéit vu den ugebuedenen Servicer ervirhiewe soll.
De Leitmotiv « Striving for Excellence » (Striewen no Exzellenz) resüméiert de Wonsch perséinlech a professionell Perspektive fir jonk Leit unzebidden, onofhängeg vun Niveau vun der Formatioun déi se ustriewen.
D’EHTL ass eng “Boutique – Hotelschoul”, wat et erméiglecht eng personaliséiert Betreiung vum Apprenant unzebidden. Den noen Kontakt zu den Enseignanten, Gesellechkeetsmomenter droen zu der Entwécklung vun enger zesummegeschweesster Schoulgemeinschaft bei.
L’EHTL huet sech als Ziel gesat, eng Pedagogik ëmzesetzen déi am Aklang ass mat de reelle Bedierfnesser vum Aarbechtsmarché. Um Enn vun hirem schouleschen Parcours, sollen d’Schüler a Studenten all Wëssen a Kompetenzen erléiert hunn, déi néideg sinn fir en erfëllten a professionell Karriär kënne ze féieren.
www.ehtl.lu  

Edukatioun
Gesondheet
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet
Wirtschaft
mic_none

Presentateur

Episoden

“Scheinfasten”: Wonnermëttel geint Bauchfett?

“Scheinfasten”: Wonnermëttel geint Bauchfett?

Nëmme fënnef Deeg laang manner iessen an dann trotzdeem vun den positiven Effekter vum Faaschte profitéieren? Geet dat iwwerhaapt?
headphones

8 min

play_arrow
D’Drauwen, eng beléiften Uebstsort mat vill Energie

D’Drauwen, eng beléiften Uebstsort mat vill Energie

Gesond Superfriichten , déi et lo ze genéisse gëllt.
headphones

10 min

play_arrow
Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional

Erfrëschungsgedrénks: méi saisonal a regional

Ideal Gedrénks fir waarm Summerdeeg, loosst Iech inspiréieren!
headphones

10 min

play_arrow
Deshydratioun am Summer virbeugen

Deshydratioun am Summer virbeugen

Den Duuscht ass schonn en éischt Zeeche vun Deshydratatioun.
headphones

10 min

play_arrow
Ze vill Cholesterol: Gefor oder nëmme Panikmacherei?

Ze vill Cholesterol: Gefor oder nëmme Panikmacherei?

Wéi eng Roll spillt d'Ernärung, a wat ass den aktuelle Wëssenschaftsstand?
headphones

14 min

play_arrow
Hunneg huet vill gutt Eeegenschaften

Hunneg huet vill gutt Eeegenschaften

Hunneg ass en natierlecht Mëttel fir ze Séissen an iwwerrascht ëmmer nees mat senge villsäitegen Aromaen.
headphones

8 min

play_arrow
Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller

Eat the Rainbow - Méi Faarf op den Teller

All Faarf bréngt gesondheetlech Virdeeler, keng Faarf ass besser wéi eng aner.
headphones

7 min

play_arrow
Gesond grille mat  vill Faarf um Teller

Gesond grille mat vill Faarf um Teller

D'Grillsaison soll een onbedéngt notzen, net nëmme fir Ofwiesslung um Teller.
headphones

12 min

play_arrow
"From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!

"From leaf to root" - Uebst a Geméis ganz verwäerten!

Offall, dee bei der Virbereedung vu Geméis an Uebst entsteet, kann dacks fir nei Menüe benotzt ginn, mir soen iech wéi.
headphones

9 min

play_arrow
Planetary Health Diet

Planetary Health Diet

Iesse fir ee gesonde Planéit
headphones

6 min

play_arrow
Vun Äerdbier bis Hambier

Vun Äerdbier bis Hambier

D'Bieren: Ënnerschätzt regionaalt Superfood
headphones

9 min

play_arrow
Den Hype ëm Supplementen, Narungsergänzungsmëttelen

Den Hype ëm Supplementen, Narungsergänzungsmëttelen

Hype oder Noutwendegkeet? Den Aktuelle Stand vun der Närstoffergänzung fir d'Allgemengheet
headphones

7 min

play_arrow
D'Ouverture vun der École du Goût

D'Ouverture vun der École du Goût

Laang gouf geschafft a renovéiert an haut (3.5.) ass et endlech souwäit.
headphones

8 min

play_arrow
D'Saison vun de Spargelen

D'Saison vun de Spargelen

Aspargus: Vill Mineralstoffer a vill Kalzium, elo ass Spargelen-Zäit, an et lount sech vun der Saison ze profitéieren.
headphones

10 min

play_arrow
Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung

Närstoffer an der vegetarescher/veganer Ernärung

Vun Omega3, Eisen, Iod, Vitamin B12, B2 an D, Kalzium, Selen an Zénk
headphones

9 min

play_arrow
Chronobiologie, Schlof an Ernärung

Chronobiologie, Schlof an Ernärung

So mir wat s du ëss, an ech soen dir, wéi s du schléifs!
headphones

10 min

play_arrow
Eng gesond Daarmflora

Eng gesond Daarmflora

Daarm-Mikrobiot a Gesondheet. Afloss vun der Ernärung op d'Qualitéit vun eiser Daarmflora
headphones

10 min

play_arrow
SICONA: De Projet Natur genéissen an de Maisons-relaisen

SICONA: De Projet Natur genéissen an de Maisons-relaisen

De Projet Natur genéissen ënnerstëtzt regional, bio a fair Produite fir eng méi gesond a nohalteg Ernärung vun de Kanner an de Maison-relaisen
headphones

5 min

play_arrow
Proteinnen an der vegetarescher a veganer Ernärung

Proteinnen an der vegetarescher a veganer Ernärung

Kann ee ganz ouni Fleeschproduite gesond liewen, a wéi wichteg si Proteinne fir Vegetarier:innen a Veganer:innen?
headphones

6 min

play_arrow
Faaschte-Methoden am Verglach

Faaschte-Methoden am Verglach

Wärend dem Faaschte geschéien e puer intressant Verännerungen am Kierper.
headphones

14 min

play_arrow