Klassik Aktuell
"Et ass eng grouss Iwwerraschung"
5 min
D‘Welt vun der franséischer Oper vum 18. Joerhonnert gëtt haut all ze dacks op d‘Kompositioune vum Jean-Philippe Rameau reduzéiert. Datt et niewent him eng erstaunlech Unzuel u qualitative Kompositioune gëtt, beweist de Cyrille Dubois mat sengem Album “Juissons de nos beaux ans!“. Mat dëser Publikatioun konnt de Sänger den International Classical Music Award 2024 an der Kategorie Baroque Vocal gewannen. De radio 100,7 ass Member vun dësem Jury an de Luc Boentges huet sech mam Cyrille Dubois iwwer säi Präis a säin Disk ënnerhalen.
Presentéiert vum
- Luc Boentges