Radioen

On air

Owesconcert  |  Owesconcert

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ “Et gëtt vill gelaacht, an dat ass schéin”

“Et gëtt vill gelaacht, an dat ass schéin”

headphones

10 min

Lauschteren play_arrow

De Pianist Jean Muller an d’Geiistin Martha Khadem-Missagh sinn net nëmmen alle béid Enseignanten am Stater Conservatoire an hunn hir Solo-Karriären. Déi Zwee spillen och am Duo, an dat schonn zanter ronn 20 Joer. De Sonndeg, den 10. Mäerz ass hiren nächste Concert zesummen. Am Kader vum Museksfestival vum Buerglënster Schlass spillt den Duo Sonate vum Beethoven. D’Marie Schockmel huet mat hinne geschwat, ënner anerem doriwwer, wat fir eng Roll Spaass bei de Prouwe spillt, a firwat genee de Beethoven um Programm steet.

Musek
Klassik
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Duruflé: échappées grégoriennes

D'Maîtrise séngt fir déi éischte Kéier an der Philharmonie. Um Programm stinn Duruflé, Dupré an Alain.
headphones

5 min

play_arrow

De Beethoven a seng fënnef Pianosconcertoen

De Joachim Fontaine huet sech op d'Spuren vum Beethoven senge fënnef grousse Wierker fir Piano an Orchester gemaach.
headphones

12 min

play_arrow

„Beethoven ist mein Leben“

Den éisträichesche Pianist Rudolf Buchbinder spillt dësen Donneschden a Freiden dem Beethoven seng Pianosconcertoen an der Philharmonie
headphones

9 min

play_arrow

Den OCL sicht eng nei musekalesch Leedung

D'Corinna Niemeyer verléisst den Orchestre de Chambre du Luxembourg, elo gëtt eng nei Direction musicale gesicht.
headphones

8 min

play_arrow

Zwee Bridder um Mozarteum

De Max an de Mika Gieres trieden zu Lëtzebuerg mat engem Concertsprogramm op, deen d'Iwwerschrëft 'Mozarteum Edition' huet.
headphones

9 min

play_arrow

E Concert voller Iwwerraschungen

Dee spillen d’Solistes Européens, Luxembourg de Méindeg 19. Februar zesumme mat der Geiistin Midori an der Philharmonie
headphones

6 min

play_arrow
E Poppentheater mat Musek vum Händel

E Poppentheater mat Musek vum Händel

Acis and Galatea gëtt am Mierscher Kulturhaus an enger aussergewéinlecher Form opgefouert.
headphones

7 min

play_arrow

My Opera World – Derrière les notes

Dat neit Buch vun der lëtzebuergescher Komponistin Albena Petrovic
headphones

7 min

play_arrow

Zehetmair Quartett

De Sträichquartett, an deem d'Françoise Groben fréier gespillt huet, kënnt op Lëtzebuerg. De Concert ass haut den Owend (14.02.) am Trifolion.
headphones

9 min

play_arrow

All zesumme fir de 15. Jubiläum

Mam neie Projet „All Together“ feiert d‘Fondation EME e grousse Gebuertstag
headphones

10 min

play_arrow

Seiji Ozawa

Ee vun deene bedeitensden Dirigenten ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen
headphones

5 min

play_arrow

Die Austernprinzessin

Dëse Berliner Stommfilm vun 1919 gëtt et elo mat neier Musek vum Olivier Dartevelle.
headphones

6 min

play_arrow

Pärelen vun der Sakralmusek

Zwee Meeschterwierker vun der Sakralmusek vun zwee Komponisten, déi sech géigesäiteg veréiert hunn, interpretéiert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker an Les Arts Florissants.
headphones

7 min

play_arrow

Orphée et Eurydice

Dës Oper vum Christoph Willibald Gluck gëtt an enger Fassung vum Hector Berlioz opgefouert.
headphones

7 min

play_arrow

Vu Spuenien an d’Saarland

De Josep Pons gëtt neie Chefdirigent vun der DRP ab der Saison 2025/26
headphones

8 min

play_arrow

D'Florence Martin verléisst United Instruments of Lucilin

Iwwer zéng Joer war si Co-Directrice vum Ensembel. Mee elo geet et weider mat engem neie Posten als Directrice artistique.
headphones

7 min

play_arrow

Lucilin in the City: Sounds in Space

Den Ensembel United Instruments of Lucilin luet nees op en aussergewéinleche Concert mat zäitgenëssescher Musek an.
headphones

6 min

play_arrow

De Christoph König am Ausland

E Gespréich mam Chefdirigent vun de Solistes Européens, Luxembourg iwwer seng Aktivitéiten ausserhalb vum Grand-Duché
headphones

7 min

play_arrow

... auf die Harmonie gesetzt ...

Domat ass Musek gemengt, déi fir Bléiser geschriwwen oder adaptéiert ass. An esou Stécker stinn um Concert Divertimento-Werke och am Mëttelpunkt.
headphones

12 min

play_arrow

Sébastien Duguet

E perséinlecht Gespréich mam neien Direkter vum CMNord iwwer d'Challengë vun engem Conservatoire, de Solfège an de Beruff als Direkter.
headphones

11 min

play_arrow