arrow_back_ios
Song vum Dag
Fats Waller - Ain't Misbehavin'
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow
“Ain’t Misbehavin” ass eise Song vum Dag, eng Nummer déi als Intro fir eng musikalesch Owesrevue am Joer 1929 geschriwwe gouf. De grousse Crash op der Bourse, deen haut jo oft gefaart gëtt, war do grad geschitt. Am Connie’s Inn zu Harlem, wou d’Lidd ur-opgefouert gouf, huet en deemools sécher fir e puer Lacher gesuergt, an och haut ass de Song als Jazz-Standard nach op ville Setlists ze fannen. Komponist war de Fats Waller, deem sain 80. Doudesdag haut ass.
Musek
Rock a Pop
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement