D‘Hannah Ida ass eng vun de villverspriechendste Lëtzebuerger Musekerinnen. Mat "Appletree“ stellt si haut (22.3.) hir nei Single vir.
D‘Natur spillt eng grouss Roll an der Musek vun der Songschreiwerin. An der Botanik huet si dann och den Titel fir hir neiste Single "Appletree“ fonnt. De Bam gëtt hei zum Symbol fir d‘Kandheet, déi een zeréckloosse muss.