Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Fräie Mikro

100komma7.lu / Fräie Mikro

/ Koalitiounsprogramm fir déi nächst fënnef Joer: "No future"

Koalitiounsprogramm fir déi nächst fënnef Joer: "No future"

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

Mir maache wéi wa mir géifen an enger Zäit liewen, an där et d’Zukunft net gëtt, d’Vergaangenheet verschwënnt an dofir d’Géigewaart den eenzegen Horizont ass. D’Urgence vu Krisen a Katastrophen, ob Covid, Klimakris, Krich an der Ukrain an zu Gaza, Inflatioun, den internationalen Triumph vun der Extrême-droite asw. léisst weder Zäit nach Plaz fir d’Sich no den Ursaachen dovun an der Vergaangenheet, nach fir d’Reflexioun iwwer Pläng a Léisungsusätz an der Zukunft. Dës Haltung an dëser Zäit ass eigentlech absurd.


Huele mir d’Klimaverännerung. Si weist hir dramatesch Effekter net eréischt an e puer Generatiounen, mee schonns elo.


A wat maache mir? Mir bekämpfen a wielen déi of, déi vun der Politik, der Wirtschaft a vum Bierger méi Efforte fir Klimaschutz an en anert Verhale verlaangen, mengt den Historiker Denis Scuto am Fräie Mikro vun haut.

Episoden

8. Mee | © Chris Zeien

8. Mee

Gedenken oder feieren?
headphones

4 min

play_arrow

De Benevolat a Bedrängnis

Wat bedeit dat neit neit Gesetz iwwert d'ASBL?
headphones

4 min

play_arrow
E Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

E Recht op Ofdreiwung an der Verfassung

Zu Lëtzebuerg ass d’Ofdreiwungsrecht um Niveau vum Gesetz gereegelt.
headphones

4 min

play_arrow

D'Pensiounsreform betrëfft méi Auslänner wéi Lëtzebuerger

Auslänner a Frontaliere kommen am Debat iwwer d'Pensiounsreform ze kuerz, mengt d'Biergerrechtlerin Laura Zuccoli.
headphones

5 min

play_arrow

Ännerung vum Denkmalschutzgesetz vun 2022

Réckschrëtt beim Denkmalschutz
headphones

4 min

play_arrow

Zesumme liewen, zesumme schaffen, zesummen decidéieren!

Ëm 25.000 Mënschen aus allen Härelänner komme pro Joer nei an eist Land. Mee weiderhi bleift bal d'Hallschent vun eisen Awunner vu ville politesche Rechter ausgeschloss.
headphones

5 min

play_arrow
Fir e feministesche Pensiounssystem | © radio 100,7

Fir e feministesche Pensiounssystem

Et ass net d'Schold vun de Fraen, datt hir Pensioun méi kleng ass wéi déi vun de Männer.
headphones

4 min

play_arrow

Vum Hung a vum Ee respektiv vum Krich an de Waffen

De Problem vum Hung a vum Ee ass bekannt. Déi éiweg Fro ass: wat war fir d'éischt do? De Krich oder d'Waffen? Domat beschäftegt sech am Fräie Mikro de Philosoph Jean-Luc Thill.
headphones

4 min

play_arrow

"Et ginn och nach gutt Nouvellen"

Den Europäesche Geriichtshaff huet d'Selbstbestëmmungsrecht vun Transgender, Intersex an net-binäre Persoune gestäerkt.
headphones

4 min

play_arrow

D'Vertrauen a Wëssenschaft, Journalismus an Institutiounen erëm hierstellen

De Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, schwätzt doriwwer, wéi d’Meenungsfräiheet - als Grondlag vu kritescher Reflexioun an eiser Demokratie - pervertéiert ka ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Fieder a Schwäert

An alle Kulture ginn et Beispiller fir d’Iwwerzeegung, datt eng Fieder, déi gescheit Gedanke schreift, méi geféierlech ass wéi e Schwäert. Fir d’Simone Beck beweisen d’Reaktioune vu Milei, Putin an Trump, datt dat stëmmt.
headphones

4 min

play_arrow

Wéi verhale mir eis haut?

D’Demokratie steet ënner massivem Beschoss.
headphones

5 min

play_arrow

Europa ënner Zuchzwang

Europa ënner Zuchzwang
headphones

4 min

play_arrow

Géint d'Wunnengsnout mat innovative Wunnkonzepter fir Senioren

Vill Seniore liewen an net altersgerechten an ze grousse Wunnengen, dacks eleng an isoléiert. Vill Famille sichen dogéint verzweiwelt no enger gréisserer Wunneng a fanne jorelaang näischt, wat se sech kënne leeschten.
headphones

4 min

play_arrow

Vum Stroum oder wat kaschte Banannen?

Wuel inspiréiert un der Kannersendung “1-2 oder 3” muss sech de private Stroumkonsument neierdéngs tëschent 3K, 7K oder 12K decidéieren. Stroumrechnung als trojanescht Päerd - ee weidere Walkaddo, dee kee gefrot hat.
headphones

4 min

play_arrow

Méi Trump an der Schoul

Jonk Politiker aus verschidde Parteie fuerderen, e méigleche Rietsruck och zu Lëtzebuerg ze bremsen. Si proposéieren dofir ënner anerem méi Politik- a Medienerzéiong an der Schoul.
headphones

4 min

play_arrow
Vill ze vill Gefill ... | © Chris Zeien

Vill ze vill Gefill ...

D’Sécherheetsgefill vun de Leit ass en herrleche Vecteur fir Meinungsmache.
headphones

4 min

play_arrow

“Nie wieder” huet et 1945 geheescht

An haut?
headphones

4 min

play_arrow

Net relieis? Gëff siichtbar!

Skulptur "Mir, Wir, Nous, Us" - Wie soll déi Skulptur duerstellen?
headphones

3 min

play_arrow

Tëschent Wourecht a Verschleierung

De Philosoph Leo Strauss: Esoteresch Kommunikatioun an déi modern politesch Realitéit
headphones

4 min

play_arrow