Radioen

On air

Notturno  |  My Morning Jacket - Touch Me I'm Going To Scream, Pt. 1

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déi gutt Noriicht

100komma7.lu / Déi gutt Noriicht

/ Krabbe rette Korallen

Krabbe rette Korallen

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

D'Koralleriffer sinn net nëmme wichteg fir den Ekosystem, se schützen och d'Küste viru Stierm an Iwwerschwemmungen. Awer de Klimawandel bewierkt, datt d'Riffer ganz rapid a masseweis stierwen. Fuerscher vu Florida mengen elo eng Solutioun fonnt ze hunn: Eng Arméi vun Honnertdausenden geziichte Krabben.
Méi genee soll de “Carribean King Crab” Hand uleeën.
Koralleriffer bidden net nëmme wäertvolle Liewensraum fir bis zu engem Véierel Liewewiesen, déi an den Ozeaner liewen, mee se sinn och vital fir de Mënsch.
Eent vun de gréisste Koralleriffer vun der Welt läit virun de sougenannte Florida Keys, der Inselgrupp am Süde vum US-Bundesstaat. D’Atlantikwaasser vun de Keys gouf leschte Summer vun enger extreemer Hëtztwell getraff, domadder ass d’Temperatur vum Waasser bis op 39 Grad geklommen. D’Konsequenz dovunner war, datt 90 Prozent vun de Korallen ofgestuerwe sinn.
Elo frot Dir Iech bestëmmt, wéi Krabben hëllefe kënnen?
D’Äntwert läit ganz einfach bei der Krabben hirem Ernärungsplang. Krabben iessen nämlech Algen, enorm Quantitéiten dovunner. Generell gesi fillen Alge sech puddelwuel am waarme Waasser. Mee se stellen eng reell Gefor duer fir Korallen, well se hinnen den néidege Sauerstoff an och hire Liewensraum ewechhuelen.
Alge sinn deemno déi eenzeg Liewewiesen, déi vum Afloss, deen de Mënsch op Ekosystemer vun de Mierer huet, profitéieren. D’Ofwaasser an den Offall, déi d’Mënschen an d’Mierer leeden, si räich u Phosphor, engem ganz wichtegen Närstoff fir Algen. Dat wat also geschéie muss, ass d’Alge-Populatiounen auszebremsen.
An hei kommen d’Krabben an d’Spill. Keen anert Liewewiese frësst esouvill Alge wéi d’Crustacéen Et gouf iwwerdeems observéiert, datt a Regioune mat enger héijer Krabbe-Konzentratioun, jonk Koralle sech ausbreeden.
Den Angelo Spadaro vum College of the Florida Keys zu Key West an de Mark Butler vun der Florida International University zu Miami wëllen also hire Krabbeplang ëmsetzen. An hirem Laboratoire sollen 250.000 Krabben d’Joer geziicht ginn, fir se dann an den Ozeaner auszesetzen. Eng honnerte Krustendéieren si scho geschlüpft, 2024 sollen dës dann ufänke mat schaffen.
D’Fuerscher betounen, datt si keng Angscht hunn, datt d’Déiere sech onkontrolléiert reproduzéieren. Schliisslech gëtt et dës Aart schonn an de Florida Keys, an deemno hu Krabben elauter Predateuren. Aneschters gesot, d’Krabbe friessen zwar Algen, mee et ginn elauter aner Déieren, déi Krabben iessen.
Éier se ausgesat ginn, kréien d’Crustacéen awer en Training, schliisslech si se am Labo geziicht an hu keng Experienz um Terrain. Deemno hunn d’Fuerscher sech kreativ gewisen an hu mat Handpoppe grouss Fësch oder Tëntefësch simuléiert, fir de Krabben Angscht anzedreiwen a se op hir spéider Missioun ze preparéieren.
Iwweregens goufen d’Poppen iwwer e lokale Projet vu Kanner aus der Grondschoul gebastelt.
Vun 2024 u wäert een also an de Floriday Keys Arméie vu Krabbe gesinn, déi am Sënn vum Erhale vun eisem Ekosystem äifreg schaffen.

Gesondheet
Ëmwelt

Episoden

Ee Blutttest, deen iwwer 60 Krankheeten detektéiert

Proteinnen am Blutt kéinte Fréierkennung a Preventioun vu Kriibs, Häerzleiden oder Rheuma verbesseren.
headphones

4 min

play_arrow

Seele Metaller recycelen

Un déi Metaller ze kommen ass opwenneg an deier, dofir kann ee se och aus Smartphonen a Laptoppe recycléieren.
headphones

2 min

play_arrow

D'Enn vun der Diskett

A Japan ass dat Medium nach bis elo agesat ginn, dem Digitalminister no wier et awer elo praktesch verschwonnen.
headphones

2 min

play_arrow

Aus dem rouden e grénge Planéit

Fuerscher:innen aus China sinn dovunner iwwerzeegt, datt iergendwann Planzen um Mars wuesse kënnen.
headphones

2 min

play_arrow

Léiwer op de Kapp oder op de Bauch?

Op wat lauschtert een am beschten, wann een eng Decisioun treffe muss?
headphones

2 min

play_arrow

Etiketten, déi killen

A Portugal sinn Etiketten entwéckelt ginn, mat deenen d‘Gedrénks méi séier soll kal ginn.
headphones

2 min

play_arrow

Mat wéineg vill erreechen

Wann een 1,2 Prozent méi vun der Äerduewerfläch ënner Naturschutz stelle géif, kéint ee vill Aarte virum Ausstierwe retten.
headphones

1 min

play_arrow

Och d‘Ernärung vun de Männer ass wichteg

Bei enger Schwangerschaft spillt net nëmmen d‘Ernärung vun der Mamm eng wichteg Roll.
headphones

1 min

play_arrow

Nei Zort Konschtwues

Dee ka sech selwer ofkillen a gläichzäiteg den Iwwerschwemmungsrisiko miniméieren.
headphones

2 min

play_arrow

En entscheedende Virdeel

Ee vun de grousse Virdeeler vun der Mënschheet ass d‘Fäegkeet, op d‘Erkenntnisser vun de viregte Generatiounen ze setzen.
headphones

2 min

play_arrow

De Vatikan gëtt méi gréng

De Poopst wëllt nämlech alles op erneierbar Energie ëmstellen.
headphones

1 min

play_arrow

Krass Moossnamen

Fir d‘Nashörner géint déi illegal Juegd ze schützen, hunn Naturschützer:innen hinne radioaktiivt Material an d‘Hare gesprëtzt.
headphones

2 min

play_arrow

Den eelste Wäi vun der Welt

Gouf an nach flësseger Form a Südspuenie fonnt.
headphones

2 min

play_arrow

Haalt de Weltraum propper!

Huet sech d‘ESA geduecht an en Ofkommes publizéiert, dat méi Weltraumschrott verhënnere soll.
headphones

1 min

play_arrow

Eng wichteg Roll beim Erënneren

De Schlof ass wichteg, fir datt sech Informatiounen an eisem Kapp festsetze kennen.
headphones

2 min

play_arrow

Laboe fir schwanger Fraen

Esou kënne si dann och wären der Schwangerschaft weider am Labo schaffen, wat an normale Laboen ze geféierlech wier.
headphones

1 min

play_arrow

De Mikrobiom géint Krankheeten

Et gëtt d‘Iddi an der Wëssenschaft, eis Daarmbakterie geziilt bei Erkrankungen anzesetzen.
headphones

1 min

play_arrow

Manner dran, awer selwechte Präis

Wann e Produit dat mécht, muss a Frankräich am Supermarché dat elo ugewise ginn.
headphones

1 min

play_arrow

Keng Nole gebraucht

Nieft Bluttanalyse kann ee bei verschidde Krankheeten och vill Erkenntnisser duerch de Schweess gewannen.
headphones

2 min

play_arrow

Manner invasiv Aarten

A Gebidder vun indigeene Vëlker ass déi Zuel vill méi niddereg, esouwuel bei Déiere wéi bei Planzen.
headphones

1 min

play_arrow