Dagdeeglech
Léon de la Fontaine
2 min
Haut ass den 322. Dag vum Joer ... bis dat nächst Joer bleiwen nach 43 Deeg.
Haut op den Dag virun 204 Joer, den 18. November 1819, koum de Lëtzebuerger Affekot, Politiker a Botaniker François Joseph Albert Léon de la Fontaine op d’Welt.
1848 gouf de Léon de la Fontaine Member vun der Constituante, wou hien de Charles Munchen ersat huet, deen an d’Frankfurter Nationalversammlung geschéckt gouf, dat éischt fräigewielte Parlament vu ganz Däitschland.
Vun 1866 bis 67 war de Léon de la Fontaine Directeur général - den haitege Minister - vun der Justiz, wéi och vun de Finanzen an der Regierung de Tornaco.
Duerno war hie Membre agrégé vun der Société des Sciences naturelles, der spéiderer wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut Grand-ducal, an och Grënnungsmember vun der botanescher Gesellschaft, der Société botanique.
De Léon de la Fontaine, Fils vum Théodore de la Fontaine a Brudder vum Dicks, dem Edmond de la Fontaine, stierft de 5. Februar 1892 am Alter vun 72 Joer.