Schwéierpunkt vum Dag
/ Lëtzebuerg huet seng Ressourcë fir dëst Joer theoretesch schonn opgebraucht
Lëtzebuerg huet seng Ressourcë fir dëst Joer theoretesch schonn opgebraucht
5 min
Haut huet Lëtzebuerg säin Overshoot Day. Dat heescht, datt all déi natierlech Ressource fir dëst Joer schonn no knapp siwe Woche verbraucht sinn. De weltwäiten Overshoot Day ass de Berechnunge vun der internationaler Fuerschungsorganisatioun Global Footprint Network no viraussiichtlech Enn Juli oder Ufank August. Kann den eenzele Bierger zu Lëtzebuerg eppes dozou bäidroen den nationalen Overshoot Day no hannen ze réckelen? Jo, mengen d‘Organisateure vun enger Ausstellung zu Wolz mam Titel “Jenseits der Grenzen des Planeten – und wenn die Kreislaufwirtschaft die Lösung wäre?” D’Marlène Clement war fir eis op der Plaz an huet sech enger Visite ugeschloss.
Presentéiert vum
- Marlène Clement