Radioen

On air

Notturno  |  Michael Wycoff - Looking Up To You

play_arrow Live
arrow_back_ios

Concert Euroradio

100komma7.lu / Concert Euroradio

/ Mendelssohn-Concerto fir Gei

Mendelssohn-Concerto fir Gei

headphones

0 min

De Concert Euroradio gëtt vun engem vun den unerkannt beschten däitschen Orchestere gespillt, der Jungen Deutschen Philharmonie ënner der Leedung vun hirem Artist in Residence Mathias Pintscher a mat der Geiistin Noa Wildschut als Solistin.

Programm:
Matthias Pintscher: Neharot 2020 fir Orchester
Felix Mendelssohn: Concerto fir Gei an Orchester, op.64
Alexander von Zemlinsky: Die Seejungfrau
Interpreten:
Noa Wildschut, Gei
Junge Deutsche Philharmonie
Matthias Pintscher, Direktioun

Musek
Concert
Klassik

Episoden

Piotr Anderszewski spillt Bartók

Zesumme mam Orchestra della Svizzera italiana interpretéiert de Solist dem Béla Bartók säin drëtte Pianosconcerto.
headphones

0 min

Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

D'London Mozart Players feiere mat engem grousse Mozart Programm: 2 Pianosconcertoen, 3 Operenarien an d'Haffner-Sinfonie stinn op der Affiche.
headphones

0 min

Den Igor Levit an d'NDR Elbphilharmonie spille Brahms a Bartók

Ënner der Baguette vum Alan Gilbert spillen si den drëtte Pianosconcerto vum Bartók an déi éischt Sinfonie vum Brahms.
headphones

0 min

Concert Euroradio

Musek vum Erwin Schulhoff, Ludwig van Beethoven an Franz Schmidt
headphones

0 min

Mozart, Beethoven a Mahler

Den Adam Fischer dirigéiert den Danish Chamber Orchestra mat engem Concerto fir Cor an engem Arrangement vu sengem Papp.
headphones

0 min

D'Sopranistin Golda Schultz séngt Mozartarien

Begleet vum Mozarteumorchester Salzburg séngt si ë.a. Arien aus Don Giovanni, Il burbero di buon cuore a Così fan tutte.
headphones

0 min

En Owend voller Sibelius

Dem finneschen Nationalkomponist seng éischt a lescht Sinfonie a säi beléiften a virtuose Geieconcerto stinn um Programm.
headphones

0 min

D'Wiener Philharmoniker spillen um George Enescu Festival

E Concert voller rauer Energie a rustikaalt Temperament aus der mährescher Volleksmusek. Mat Suitte vum Leoš Janáček a vum George Enescu an dat ënner der Baguette vum Jakub Hrůša.
headphones

0 min

Colin Pütz: en Numm, deen ee sech mierke sollt

Dee 17-järege Pianist spillt den 21. Pianosconcerto vum Mozart, zesumme mam George Enescu Philharmonic Orchestra.
headphones

0 min

Baritonsänger, genee wéi säi Papp

Den Éisträicher Operesänger Liviu Holender sengt Musek vum Gustav Mahler.
headphones

0 min

Schubert a Schumann

SWR Symphonieorchester, Giovanni Antonin a Sol Gabetta
headphones

0 min

D'Simone Young dirigéiert déi 3. a 4. Sinfonie vum Brahms

Et sinn zwou Sinfonien, déi am Géigesaz zuenee stinn: déi eng ass heroesch-melancholesch, déi aner tragesch-dramatesch.
headphones

0 min

headphones

0 min

De Philharmoneschen Orchester vum NDR spillt Dvořák an Elgar

Ënner der Leedung vum Andrew Manze mat der Geiistin Isabelle Faust
headphones

0 min

Haydn, Brahms a Strauss

D’Wiener Symphoniker huelen eis mat op eng Rees vun der Wiener Klassik bis zu der däitscher Spéitromantik.
headphones

0 min

Mendelssohn-Concerto fir Gei

D'Noa Wildschut spillt zesumme mat der Jungen Deutschen Philharmonie.
headphones

0 min

Klassesch Musek fir Fuesent

Concert vun Turin mat Musek vun ënnert anerem dem Rossini, Debussy a vun der Strauss Famill
headphones

0 min

Herbert Blomstedt dirigéiert de Gewandhausorchester

Um Programm: déi fënneft Sinfonie vum Franz Schubert an déi drëtt vum Franz Berwald
headphones

0 min

Mendelssohn-Concerto fir Gei

D'Noa Wildschut spillt zesumme mat der Jungen Deutschen Philharmonie.
headphones

0 min

Déi jonk Pianistin Danae Dörken

Si an dee jonke Geiist Dmitry Smirnov spillen zesumme mam Deutsches Symphonie-Orchester.
headphones

0 min