Radioen

On air

De Weekend  |  Aaron Frazer - My God Has A Telephone

play_arrow Live
arrow_back_ios

Genuddels a Gejiips

100komma7.lu / Genuddels a Gejiips

/ Noruff op de Casey Benjamin an en neie Bass Duo-Album

Noruff op de Casey Benjamin an en neie Bass Duo-Album

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Vill ze jonk mat nëmme 45 Joer ass virun enger Woch de Multi-Instrumentalist Casey Benjamin gestuerwen. Säin Alt-Saxofon, awer virun allem och Vocoder- a Synthesizer-Spill huet d'Leit begeeschtert. Et huet een hien un de Säite vum Robert Glasper Experiment oder dem Stefon Harris kennegeléiert. Hien hannerléisst der Jazz- an R&B-Welt e grousst artistescht Lach.
Zwee Bassgiganten hunn zesummefonnt: de Christian McBride an den Edgar Meyer bréngen ee Kontrabass-Duo-Album mat Déifgang eraus. Virtuositéit trëfft op Groove op der Plack "But who’s gonna play the Melody? Presentéiert vum Pol Belardi.

Playlist:
1. Robert Glasper Experiment - For You
2. Stefon Harris Blackout - For You
3. Robert Glasper Experiment - Festival
4. Robert Glasper Experiment - Cherish the Day
5. Solange - Borderline
6. Herbie Hancock - Come Running to Me
7. Christian McBride + Edgar Meyer - Days of Wine and Roses
8. Christian McBride + Edgar Meyer - FRB 2DB
9. Christian McBride + Edgar Meyer - Lullaby for a Ladybug
10. Christian McBride + Edgar Meyer - Tennessee Blues

Musek
Jazz
mic_none

Presentateuren

Episoden

Album Picks 2022

Et goufen erëm allerhand Sortië vun Albumen am Joer 2022, nodeems et virdru Pandemie-bedéngt méi moer war.
headphones

60 min

play_arrow

Carnegie Hall Jazz Band a Count Basie Orchestra

Eng groussaarteg All Star Band ënner der Leedung vum Jon Faddis an dem Count Basie seng Ierfschaft
headphones

60 min

play_arrow

Top 5 an nei Musek

Déi fënnef bescht Pianos-Soloen an en neien Album vum Donald Byrd
headphones

60 min

play_arrow

Nei Albume vu Louis Armstrong, Mark Guiliana a Louis Cole

De Louis Armstrong huet en neie "Christmas Album", dat klngt zwar komesch, ass awer wouer. Nei Release an al Klassiker sinn dorobber ze fannen.

Kristjan Martinsson

Haut am Interview, den islännesche Pianist Kristjan Martinsson.

Drogen an Alkohol am Jazz

Et geet ëm Jazz-Stécker, déi sech mat verbuede Substanze beschäftegen.
headphones

60 min

play_arrow

Minimalist Jazz

Déi Zort vun Jazz, wou manner Noute gespillt ginn.
headphones

60 min

play_arrow

Interview mam Carl Adelsteinsson

Nei Musik vun ënner anerem dem Michael Wollny an dem John Escreet an den Direkter vum CAPE werft e Bléck op déi nei Saison.
headphones

60 min

play_arrow

Sascha Ley

D'Sängerin an hiren neien Album "In Between" stinn am Mëttelpunkt.
headphones

60 min

play_arrow

Bariton-Saxofon an The Bad Plus

Dat déiwsten Instrument aus dem gängege Saxofonsregester an ee Power Trio, deen elo zum Quartett get.
headphones

60 min

play_arrow

Elauter nei Musek

Mat dräi neien Albume vu Keith Jarrett, Joshua Redman a Miles Davis
headphones

60 min

play_arrow

Den Aaron Parks an de Pharoah Sanders

Dem Aaron Parks säin Historique als Pianist a Komponist an en Noruff un de leschte Prophet vum Tenorsaxofon
headphones

60 min

play_arrow

Bigband Specials a Ramsey Lewis

Déi fënnef beschte Saxofon-Sätz an en Noruff op de Pianist Ramsey Lewis
headphones

60 min

play_arrow

Living Legends

Lauter al Huesen, déi nach ëmmer fir Furore suergen.
headphones

60 min

play_arrow