Radioen

On air

Thé Dansant  |  The Doors - Roadhouse Blues

play_arrow Live
arrow_back_ios

Schwéierpunkt vum Dag

100komma7.lu / Schwéierpunkt vum Dag

/ Och den Norde well Strukture fir Jonker an Nout

Och den Norde well Strukture fir Jonker an Nout

headphones

5 min

Lauschteren play_arrow

Fir Jonker déi nach am Lycée sinn, awer dringend doheem raus mussen ginn et 316 Plazen hei am Land. Eng ganz Rei Akteuren aus psychosoziale Beräich beschwéieren sech awer driwwer, datt et am Norden net genuch där Noutstrukture fir Jonker géif ginn. Et gett eng Struktur, zu Ettelbréck, mat 5 Noutkummeren. Ënnert anerem am Réidener Jugendtreff ass een awer ëmmer méi dacks domat konfrontéiert, datt Jonk Leit, déi nach an d’Schoul ginn, net doheem kenne bleiwen, sief dat opgrond vu Vernoléissegung doheem , Gewalt oder aner Bedingungen, déi déi Jonk doheem net aushale kënnen.

Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

D'Satellittegesellschaft SES soll neie Schwong kréien

D'Satellittegesellschaft SES soll neie Schwong kréien

Déi Lëtzebuerger Satellittegesellschaft huet sech iwwert d’Joerzéngten als Global Player etabléiert. De Secteur ass awer staark am Wandel an d'Konkurrenz gëtt méi staark. D’Geschäft leeft net méi sou gutt wéi nach virun 10 Joer.
headphones

5 min

play_arrow
(On)Sécherheet online | © Bigstock / Olegkalina

(On)Sécherheet online

Anonym, gratis a vertraulech kann ee sech op der Helpline vu Bee Secure berode loossen, wat den Ëmgang mat der Sécherheet am Internet ugeet.
headphones

4 min

play_arrow
Munhowen Distribution huet Boissons Heintz iwwerholl

Munhowen Distribution huet Boissons Heintz iwwerholl

De Grossist am Gedrénkshandel Munhowen Distribution huet d’lescht Woch 100 Prozent vum anere Grossist Boissons Heintz iwwerholl.
headphones

5 min

play_arrow
Organiséiert jo, mee kriminell? | © picture alliance / Zoonar | HGVorndran

Organiséiert jo, mee kriminell?

De Schwäizer Soziolog Zsolt Temesvary huet osteuropäesch Heescherte begleet an erkläert seng Conclusioun.
headphones

6 min

play_arrow
Aarbechtsqualitéit a Wuelbefannen op der Aarbecht ginn erof | © Chambre des salariés / Facebook

Aarbechtsqualitéit a Wuelbefannen op der Aarbecht ginn erof

D’Chambre des salariés huet gëschter de Quality-of-work-Index fir d’Joer 2023 presentéiert. Där Etude no gëtt et eng negativ Tendenz bei der Aarbechtsqualitéit an dem Wuelbefannen op der Aarbecht am Grand-Duché.
headphones

4 min

play_arrow
"Neie Schwonk fir de Wunnengsbau" | © SIP / Emmanuel Claude

"Neie Schwonk fir de Wunnengsbau"

De Premier, de Finanz- an de Logementsminister hu Mesurë presentéiert, fir d'Nout um Wunnengsmaart méi kleng ze kréien. Steierlech Moossname sollen de Privatleit an dem Bausecteur zegutt kommen.
headphones

4 min

play_arrow
Wouhi mam Klärschlamm? | © Jacques Ganser

Wouhi mam Klärschlamm?

Eng national Klärschlammstrategie soll Léisunge brénge fir déi ronn 10.000 Tonne Klärschlamm, déi am Joer ufalen.
headphones

5 min

play_arrow
Gëtt et Problemer fir méi kleng Bäckereien am Land? | © Lisa Lahos

Gëtt et Problemer fir méi kleng Bäckereien am Land?

Nodeems d'lescht Woch zwou al agesiesse Bäckereien zougemaach hunn, steet d'Fro am Raum. Ënnerschiddlech Grënn haten zu deene Fermeturë geféiert.
headphones

4 min

play_arrow
Datt sanéiert muss ginn, doriwwer ass ee sech eens

Datt sanéiert muss ginn, doriwwer ass ee sech eens

Déifferdeng sicht no Léisunge fir zwee Flüchtlingsfoyeren ze sanéieren an d'Leit ze relogéieren. D'Gemeng wëllt eng definitiv Léisung, déi gréng proposéieren d'Maternité fir d'Iwwergangszäit.
headphones

4 min

play_arrow
Biergerbedeelegung | © Bigstock/Nutthaseth

Biergerbedeelegung

Wat hunn de Biergerkommitee an de Klimabiergerrot bruecht?
headphones

4 min

play_arrow
Regierungscommissaire: “Energiespueren ass ëmmer wichteg”

Regierungscommissaire: “Energiespueren ass ëmmer wichteg”

D’Energiekris hätt dozou geféiert, datt souwuel d’Leit wéi och d’Entreprisë fir d’Theema Energie sensibiliséiert gi wieren, erkläert de Regierungscommissaire Simeon Hagspiel.
headphones

4 min

play_arrow
Trump gewënnt am New Hampshire | © picture alliance / NurPhoto | Paul Hennessy

Trump gewënnt am New Hampshire

Am amerikanesche Staat New Hampshire huet dee fréieren US-President Donald Trump d'Virwale bei de Republikaner gewonnen.
headphones

5 min

play_arrow
Neierunge vum Offallgesetz | © Bigstock / RTimages

Neierunge vum Offallgesetz

All Verkafssurface, déi méi wéi 1.500 m2 huet, muss déi néideg Infrastrukturen zur Verfügung stellen, fir datt d‘Leit hire recycléierfäegen Dreck kënnen do ofginn.
headphones

4 min

play_arrow
Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-Abrien aus?

Wéi wierkt sech d'Heescheverbuet op d'Sans-Abrien aus?

Zanter dem Heescheverbuet hunn d'Leit op der Strooss méi Angscht. E Reportage mam Service Streetwork vun Inter-Actions zu Bouneweeg.
headphones

6 min

play_arrow
Sozialwalen: Dausende Kandidate vun OGBL an LCGB

Sozialwalen: Dausende Kandidate vun OGBL an LCGB

Den 12. Mäerz si Sozialwalen: deen Dag ginn d’Personaldelegatiounen an den Entreprisë mat iwwer 15 Beschäftegten nei gewielt.
headphones

5 min

play_arrow
D’Wanterwieder: aktuell Lag an d’Previsiounen | © picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd

D’Wanterwieder: aktuell Lag an d’Previsiounen

D’Wanterwieder huet Lëtzebuerg weider am Grëff
headphones

4 min

play_arrow
Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas | © Michelle Barthel

Heescheverbuet geet an déi repressiv Phas

D’Police wäert elo mat verstäerkter Presenz a geziilte Kontrollen dat néit Heescheverbued an der Haaptstad ëmsetzen. Dëst stéisst awer op vill Kritik.
headphones

5 min

play_arrow
Éischt Virwalen an den USA

Éischt Virwalen an den USA

2024 ass Waljoer a ville Länner, och an den USA. An dëse Méindeg ass déi éischt Virwal bei de Republikaner, dat am amerikanesche Midwest, am Staat Iowa. 
headphones

6 min

play_arrow
Ausbau vum Tramreseau 2024 | © Pierre Reyland

Ausbau vum Tramreseau 2024

Mam Tram bis op de Flughafen an an den neie Stadion zu Gaasperech - dat gëtt geschwë méiglech. Dëst Joer ginn dës zwou wichteg Extensioune vum Tramsreseau fäerdeg.
headphones

6 min

play_arrow
Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz | © picture alliance / BeckerBredel

Zivilgesellschaftlech Organisatioune reagéieren op neit Gesetz

D’Zesummeliewe vun all de Mënschen zu Lëtzebuerg soll verbessert ginn. Konkret soll jiddweree méi einfach un Informatioune kommen, respektiv un Aktivitéiten deelhuele kënnen.
headphones

5 min

play_arrow