Aktuelles
/ Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
4 min
De Björn Höcke gëllt als ee vun den ëmstriddenste Politiker an Däitschland. Hien ass Chef vun der AFD an Thüringen, déi vum Landesverfassungsschutz als rietsextrem agestuuft gouf an ënner Observatioun ass. Ëmmer nees si Riede vum Höcke an d’Diskussioun geroden. An elo steet hien dowéinst viru Geriicht. Hien kritt virgehäit, NS-Vocabulaire a Symboler vun terroristeschen a verfassungsfeindlechen Organisatioune benotzt ze hunn. De fréiere Geschichtsenseignant behaapt, dass hien net wosst, dass et sech bei deene Begrëffer ëm eng verbueten SA-Parole gehandelt huet.
Beim Optakt vum Prozess um Landgericht zu Halle an Däitschland gouf et eng Rei Ënnerbriechungen. Et hat e puer Stonne gedauert, bis datt d’Uklo virgelies konnt ginn.
Episoden
Vietnam: Frigoen, Figurinnen a gréng Finanzen
Am Vietnam gëtt et groussen Interêt un de Lëtzebuerger Betriber an ëmgedréit. D'Rees am südostasiatesche Land goung mam ekonomesche Forum op en Enn.
Etüd zur Aarbechtszäitverkierzung: déi politesch Reaktiounen
Marc Spautz (CSV): an den nächste Jore wäert et hei zu Lëtzebuerg net zu enger gesetzlecher Reduktioun vun der Wochenaarbechtszäit kommen.

Staarken Impakt vun de Krisen op de Staatsbudget
Wéinst de Krisen huet d'Regierung Moossnamen ergraff Stéit an Entreprisen ze ënnerstëtzen, d'Staatsschold geet dowéinst an d'Luucht, wat vun der Oppositioun kritiséiert gouf.

Wéi kënnen déi elektronesch Medie reguléiert ginn?
Dat aktuellt Gesetz iwwer d'elektronesch Medien huet 32 Joer um Bockel an ass un den Internet vun haut net méi ugepasst. Et besteet Handlungsbedarf.

![1.200 Doudesfäll bei Mannerjärege wéinst Pollutioun](/legacy/images/12241/image-thumb__12241__base_thumbnail/Loftverschmotzung.jpg)
1.200 Doudesfäll bei Mannerjärege wéinst Pollutioun
Der EU-Ëmweltagence no suerge renge Stëbs an aner Substanzen an der Loft fir eng ganz Rei vu chronesche Krankheete bei jonke Leit.

"Et ass nach vill Sputt no uewen"
Fir seng aktuell Efforte géint de Klimawandel kritt de Schüler Lëtzebuerg vun de Gäscht aus "Kaarten op den Dësch": Raymond Aendekerk a Stefan Maas a Paul Zens, keng gutt Notten.

![Martine Kirsch : "De politesche Wëllen ass net do"](/legacy/images/11587/image-thumb__11587__base_thumbnail/Martine%20Kirsch.jpg)
Martine Kirsch : "De politesche Wëllen ass net do"
An de Beräicher Educatioun, Santé an Transport géing villes net klappen, bedauert d'Presidentin vun der ASBL Zesumme fir Inklusioun.