Sample vun der Woch
Soul II Soul - Back to Life
4 min
D'Grupp gouf vum Produzent Jazzie B gegrënnt. Si huet hiren Debutalbum "Club Classics Vol. 1” am Joer 1989 erausbruecht an huet et direkt an d’UK- a US-Charts geschafft. Op dësen Album sinn hir grouss Hits, wéi zum Beispill "Back to Life (However Do You Want Me)" a "Keep On Movin'".
Soul II Soul si bekannt fir hir Mëschung aus R&B, Soul, Dance a Reggae. Si hunn e frësche Sound kreéiert, deen och Elementer vun Hiphop integréiert. Si waren eng vun den éischte brittesche R&B-Gruppen, déi internationalen Erfolleg haten. D'Grupp huet ee Grammy Award an aner renomméiert Präisser gewonnen.
Soul II Soul sinn nach haut nach aktiv an der Musekszeen. Si bleiwen en iwwerzeegend Beispill fir d'Kombinatioun vu musikalesche Genren an engagéierte Live Optrëtter an hu mat hirem Sound Generatioune vu Museker a Museksfans inspiréiert.
De Song "Back to Life" ass en ikonescht Stéck, dat net nëmmen d’Grupp bekannt gemaach, mee och eng nei Richtung an hirer musikalescher Karriär bedeit huet. Et war déi zweet Single a koum 1989 eraus. Et ass eng gelonge Mëschung aus R&B an Hiphop.
D'Stëmm vun der Sängerin Caron Wheeler widderhëlt wärend dem Lidd “Back to life, back to reality”. Dëst Theema ass eng universell Botschaft, mat där sech vill Leit identifizéiere konnten. Dësen Drang no Fräiheet war e Leitmotiv an den 80er Joren, dat ëmmer erëmkoum an dat och zum Succès vun der Grupp bäigedroen huet.
Esou ass et kee Wonner, datt si esou dacks gesampelt goufen. E klassescht Beispill am Rap wier hei zum Beispill The Game, deen säin “However Do You Want It” doraus gemaach huet.
De Kanye West huet mat sengem Sunday Service Choir eng Gospel-Versioun doraus gebastelt a se “Back to Life” genannt.
De Late Nite Tuff Guy mécht hei eng laidback DJ Friendly Versioun doraus an nennt se “Reality”.
An dee klengen Deel vum Refrain gouf Dosende Mol an der elektronescher Musek gesampelt, hei e rezent Beispill vun der Grupp Bicep. Si benotzten d’Lidd vu Soul II Soul fir “Darwin” doraus ze maachen.
Episoden
Freda Payne - I Get High (On Your Memory)
Freda Payne, gebuer den 19. September 1942 zu Detroit, Michigan, ass eng amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
Pleasure - Thoughts Of Old Flames
Pleasure war eng amerikanesch Funk- a Soulband, déi an den 1970er a fréien 1980er Joren aktiv war.
Dusty Springfield - Son of A Preacher Man
D’Dusty Springfield, gebuer de 16. Abrëll 1939 zu London, war eng englesch Sängerin, bekannt als eng vun de gréisste weibleche Soul- a Pop-Sängerinne vun hirer Generatioun.
Dionne Warwick - You've Lost That Lovin' Feeling
D’Dionne Warwick, gebuer den 12. Dezember 1940 zu East Orange, New Jersey, ass eng amerikanesch Sängerin, Schauspillerin an UN-Botschafterin.
Dave Grusin - Either Way
Den Dave Grusin, gebuer de 26. Juni 1934 zu Littleton, Colorado, ass en amerikanesche Pianist, Komponist an Arrangeur.
Cortex - Huit octobre 1971
Colonel Abrams - Trapped
De Colonel Abrams war en amerikanesche Sänger a Songwriter, deen am R&B a Funk-Genre aktiv war.
Sample Vun Der Woch
Chic ass eng legendär amerikanesch Disco-Funk-Band, déi an den 1970er a 1980er Joren groussen Erfolleg hat
Billy Brooks - Windows f The Mind
De Billy Brooks, gebuer de 16. August 1926 zu Alabama, war en amerikaneschen Trompettist, Komponist an Arrangeur, deen an den 1970er Joren an der Jazz- a Funkszeen bekannt gouf.
Betty Wright - Clean Up Woman
Den Track “Clean Up Woman” vun der Betty Wright gouf vun deenen Bekanntste gesampelt.
Average White Band - Pick Up The Pieces
Den Hit "Pick Up the Pieces" gëtt nach ëmmer als eng ikonesch Melodie vun den 70er Joren ugesinn.
- 1
- 2