Radioen

On air

Thé Dansant  |  Big Star - The Ballad Of El Goodo

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Special Rolling Stones

Special Rolling Stones

headphones

120 min

Lauschteren play_arrow

Mam neien Album “Hackney Diamonds“ sinn d’Rolling Stones erëm an aller Mound an Ouer!
An enger duebeler Stonn Al Schanken proposéiere mir e Réckbléck op hir Karriär, déi virun enge 60 Joer ugefaangen huet. Den Haaptakzent läit dobäi op de fréie Joren: mir hunn déi éischt zwou Singelen derbäi, et geet ëm den Afloss vu Blues- a Rock ’n’ Roll-Interpreten op hire Sound, mir lauschteren, wat anerer mam Bandrepertoire gemaach hunn an d’live Tracks däerfen natierlech net feelen.

D’Playlist fir déi 2 Stonnen ass dës (alles d’Rolling Stones als Interpreten, ausser indikéiert):
Intro (live) (Intro vum Album “No Security”, 1998)
1. You Got Me Rocking (live) (No Security, Amsterdam Arena, opgeholl 6. Juli 1998, erauskomm 2. November 1998)
2. Gimme Shelter (live) (No Security, Capitol Theatre New York, fir d’MTV’s live from the spot, opgeholl: 25. Oktober 1997, erauskomm: 2. November 1998))
4. Come On (1. Single, A-Säit, opgeholl: 10. Mee 1963, erauskomm 7. Juni 1963, Olympic Sound Studios, London)
5. I Want To Be Loved ( d’B-Säit dovunner, idem)
6. I Wanna Be Your Man (2. Single, opgeholl 7. Oktober 1963, erauskomm 1. November 1963, De Lane Lea Music Recording Studios, Kingsway London)
7. Stoned (d’B-Säit dovunner, idem)
8. Little Queenie (live) (Get Your Ya-Ya’s Out, opgeholl 28. November 1969, erauskomm 4. September 1970, Madison Square Garden New York)
9. Carol (live) (idem)
10. Confessin The Blues (EP “Five By Five”, opgeholl 11. Juni 1964, erauskomm 14. August 1964, Chess Studios Chicago)
10. Little Red Rooster (Single, A-Säit, opgeholl 2. -3. (?) September 1964, erauskomm 13. November 1964, Regent Sound Studios, London)
11. Just Like I Treat You (Blue & Lonesome, opgeholl 11. Dezember 2015, erauskomm 2. Dezember 2016, British Grove Studios, London)
12. Just Your Fool (Blue & Lonesome, opgeholl 14. Dezember 2015, Rescht idem)
13. Tell Me (The Rolling Stones, opgeholl: 24.- 25. Februar 1964, erauskomm 17. Abrëll 1964, Regent Sound Studios, London. Déi éischt Jagger/Richards-Kompositioun op Vinyl)
14. Mother’s Little Helper (Aftermath, opgeholl 8.-10. Dezember 1965, erauskomm 15. Abrëll 1966, RCA Studios Hollywood)
15. Paint It Black (Single, duerno Aftermath/US-Pressung, opgeholl 6.-9. Mäerz 1966, erauskomm 13. Mee 1966, RCA Studios, Hollywood)
16. (I Can Get No) Satisfaction (Single A-Säit, opgeholl 12. Mee 1965, erauskomm 20. August 1965, RCA Studios, Hollywood, am selwechte Joer um Album “Out Of Our Heads”)
17. The Last Time (single A-Säit, opgeholl 11.+12. Januar 1965, erauskomm 26. Februar 1965, RCA Stdios, Hollywood, am selwechte Joer um Album “Out Of Our Heads”)
18. Johnny Copeland - Tumblin’ Dice (Paint It Blue, opgeholl 12. Juni 1997, erauskomm Oktober 1997, Chung King Studios, New York City)
19. Lucky Peterson - Under My Thumb (Paint It Blue, opgeholl: 13. Mäerz 1997, Rescht idem)
20. Alvin Youngblood Hart – Sway (Paint It Blue, opgeholl 27. Juni 1997, erauskomm idem, Russian Hill recording, San Francisco)
21. Chris Farlowe - Out Of Time (Single , opgeholl 27.-30. Abrëll 1966, erauskomm 17. Juni 1966, PYE Studios, London)
22. Marianne Faithful - As Tears Go By (single, opgeholl: spéit Fréijoer 1966, erauskomm: Juni 1964, Decca Studios (?), London)
23. Midnight Rambler (live) (Get Your Ya-Ya’s Out, opgeholl 28. November 1969, erauskomm 4. September 1970, Madison Square Garden, New York)
24. Sympathy For The Devil (live) (idem)
25. She’s A Rainbow (Their Satanic Majesties Request, opgeholl Februar/Mee/Oktober 1967, erauskomm 8. Dezember 1967, Olympic Sound Studios, London)
26. Citadel 2:48 (Album idem, opgeholl Juni/September/Oktober, Olympic Sound Studios, London + 2.-5. Oktober 1965, De Lane Lea Studios, London, erauskomm 8. Dezember 1967)
27. Start Me Up (live) (Shine A Light, opgeholl 29. Oktober+1. November 2006, erauskomm 1. Abrëll 2008, Beacon Theatre, New York City)
28. Brown Sugar (live) (idem)
29. Shine A Light (live) (Stripped, opgeholl 26. Mee 1995, erauskomm 13. November 1995, Paradiso, Amsterdam)
30. Try A Little Harder (Compilatioun “Metamorphosis”, opgeholl 13. Februar 1964, erauskomm 6. Juni 1975, Regent Sound Studios, London)

Musek
Rock a Pop

Episoden

Al Schanken

Live tracks
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Around Austin, Texas
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

Echo and the Bunnymen live

D'Livetracks vun der brittescher Band koumen eréischt 2001 an der véier-CD-Box “Crystal Days” eraus, opgeholl goufe se awer schonn am Abrëll 1985 wärend enger Schweden-Tour.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Let’s go live!
headphones

60 min

play_arrow

Bob and Jesus

Et geet ëm een eenzegen Album: “Slow Train Coming” (1979), deen éischte vun enger reliéiser Trilogie, déi de Bob Dylan als engagéierte Chrëscht opgeholl huet.
headphones

60 min

play_arrow

One day a ship comes in …

… séngt de Mark Lanegan a sengem Lidd “One Hundred Days”. An dëser Stonn mam Grëff an déi musikalesch Archivkëscht dréit sech munches ëm Verlaangeren, Erënnerungen, Hoffnungen an Trennungen
headphones

60 min

play_arrow

Essential Funk & Soul

headphones

60 min

play_arrow

The Cure live

Zanter den Enn Siwwenzeger ziele The Cure zu den aflossräichsten Acts an der Zeen. Am Oktober 2019 koum hire Coffret “40 Live - Curaetion 25 - Anniversary“ eraus.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

0 min

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre „Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt gi sinn...
headphones

60 min

play_arrow

D + IR

D fir Däitschland, IR fir Irland: an dësen zwee Länner si mir den Owend mat enger Partie Tracks ënnerwee.
headphones

60 min

play_arrow

1968

Eng Auswiel vu Lidder, déi 1968 an aller Ouer waren ... an et zum Deel nach haut sinn!
headphones

60 min

play_arrow

Special David Bowie

Dësen 10. Januar sinn et aacht Joer, datt mam David Bowie ee vun den erfollegräichsten a respektéiertste Kënschtler, dës Welt zwee Deeg no sengem 69. Gebuertsdag verlooss huet.
headphones

60 min

play_arrow

Erëmhéieren oder entdecken x 23!

1977 ass dat Joer, dat dobäi eng Grëtz méi am Mëttelpunkt steet - mat villen Interpreten, déi haut nach ëmmer aktiv sinn!
headphones

120 min

play_arrow

Let’s go live!

Grouss Nimm aus der Rockzeen, grouss Klassiker aus hirem jeeweilege Repertoire: mir gi véier Mol an de Concert - mat den Doobie Brothers, Talk Talk, Pink Floyd a Lou Reed
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

50 Joer ‚Quadrophenia’ vun The Who
headphones

60 min

play_arrow

David Crosby live

De 7. Dezember 1993 stoung den David Crosby op der Bün vum Club Whiskey A Gogo zu Hollywood. Erauskoum dobäi säi véierte Soloalbum “It’s All Coming Back To Me Now”.
headphones

60 min

play_arrow

The Jayhawks live

The Jayhawks kommen aus Minnesota a sinn zanter 1984 Vertrieder vum Alternative country, enger Mëschung aus Folk, liichtem Rock a Songwriting.
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.
headphones

60 min

play_arrow