Sonnestralen enthalen Energie. An de Solarzellen rappe si Elektronen aus den Silizium Atomer an hannerloosse, do wou d’Elektronen feelen, Lächer. Elektronen a Lächer si fräi beweeglech am Material. Duerch de speziellen Opbau vun verschidden Schichten Silizium entsteet en elektrescht Feld, dat déi fräi Elektronen a Lächer undreift zu elektreschen Stroum, wann de Stroumkrees zou ass. Dat ganzt leeft ënner dem Begrëff Fotovoltaik.
Mam Physiker André Mousset