Schwéierpunkt vum Dag
Suite am Feuilleton ProActif
6 min
Den ofgesaten Direkter François Georges schwätzt am 100,7-Interview vu Problemer an der Gouvernance vun der Beschäftegungsinitiativ. Donieft wier hie vum President Norbert Conter gemobbt ginn.
Am Interview huet den Ex-Direkter och eng Interventioun vum Premier verlaangt, well hei mat Steiersue géif geschafft ginn. De Luc Frieden huet awer geäntwert, net wëlle Stellung ze huelen zu enger Affär, déi eng privat Entitéit betrëfft. An de President Norbert Conter weist d'Virwërf u seng Adress zeréck: De François Georges géif ganz einfach léien!
Presentéiert vum
- Eric Ewald