Radioen

On air

Notturno  |  Vulfpeck - Dean Town

play_arrow Live
arrow_back_ios

Den Hallwer Néng

100komma7.lu / Den Hallwer Néng

/ Wéi Kanner a Seniore géigesäiteg vunenee léiere kënnen

Wéi Kanner a Seniore géigesäiteg vunenee léiere kënnen

headphones

22 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Op där enger Säit Kanner, déi um Ufank vun hirem Liewe stinn an Dag fir Dag bäiléieren. Op där anerer Säit eeler Mënsche mat vill Liewenserfarung a Wëssen, dat si gäre weiderginn. Dat ass u sech d’Basis vum Projet "Super Senioren" vun der ASBL MEC (Mouvement pour l’égalité des chances pour tous).


Eeler Mënschen hëllefe Kanner bei den Aufgaben, oder wa si an der Schoul Problemer hunn. Kanner kréien esou gehollef an eeler Mënsche kréien d’Gefill, datt si nach gebraucht ginn.


De Jean Claude Majerus ënnerhält sech mat de Responsabele vun der ASBL a vum Projet Super Senioren.

Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vum Haff op den Dësch

Vum Haff op den Dësch

Direktvermaartung an der Landwirtschaft: méi Akommes oder just méi Aarbecht? E Gespréich mat Marianne a Eric Pesch vun der Associatioun “Vum Bauerenhaff op den Dësch”.
headphones

19 min

play_arrow
No der DDoS-Attack | © Jo Diseviscourt

No der DDoS-Attack

Explikatioune vum Direkter vum Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE) Patrick Houtsch a vum IT-Sécherheetsexpert Jacques Federspiel vu Bee Secure
headphones

21 min

play_arrow
Den Dram vum eegene Betrib | © Morgane Weidig

Den Dram vum eegene Betrib

Invitéë sinn d’Stéphanie Damgé, Directrice vun House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce an den Alain Peigneux, e Patron, dee säi klenge Betrib an aner Hänn ginn huet.
headphones

25 min

play_arrow
Parc Merveilleux: Eng zäitlos Attraktioun fir Kanner? | © Rick Mertens

Parc Merveilleux: Eng zäitlos Attraktioun fir Kanner?

De Parc Merveilleux zu Beetebuerg erwächt bei bal jiddwerengem vun eis Kandheetserënnerungen. Mee wéi vill Succès huet de Park haut nach? Mir ginn op d’Plaz kucken.
headphones

18 min

play_arrow
Klimawandel: Ass et nach sécher an de Bësch ze goen? | © Rick Mertens

Klimawandel: Ass et nach sécher an de Bësch ze goen?

D’Fréijoer lued dozou an an de Bësch spadséieren ze goen. Mee dat ass an Zäite vum Klimawandel heiansdo net ongeféierlech. Mir froen e Fierschter, op wat ee muss oppassen.
headphones

19 min

play_arrow
Wéi erwächt een en neit Duerf zum Liewen? | © Rick Mertens

Wéi erwächt een en neit Duerf zum Liewen?

An der Gemeng Kielen ass mat der Cité Elmen am Moment amgaang en neit Duerf ze entstoen: Wéi vill steet schonn? A wéi soll dat Ganzt zesummewuessen?
headphones

20 min

play_arrow
Zecken, déi onbeléift Parasitten

Zecken, déi onbeléift Parasitten

Invitéë sinn den Alexander Weigand, Biolog am natur musée, an d’Conny Huberty vun der Inspection sanitaire.
headphones

20 min

play_arrow
ADHS: eng psychesch Stéierung, déi een net op d’liicht Schëller huele sollt

ADHS: eng psychesch Stéierung, déi een net op d’liicht Schëller huele sollt

.... soen d’Cathy Mangen, Directrice vum SCAP an de Kannerpsychiater Dr. Alexander Marcus.
headphones

22 min

play_arrow
Olympia, mir kommen!

Olympia, mir kommen!

134 Deeg virum Optakt vu Paräis 2024: e Gespréich mat der Sprinterin Patrizia van der Weken an dem Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger
headphones

20 min

play_arrow
Tabutheema Psychos | © Chris Zeien

Tabutheema Psychos

Invitéen: Mady Juchem (Associatioun fir d’Famille vu Betraffene AFPL) an Dr. Paul Rauchs (Psychiater)
headphones

22 min

play_arrow
Sozialwalen am Betrib

Sozialwalen am Betrib

D’Organisatioun vun de Walen, de Fonctionnement vun enger Personaldelegatioun an de Sozialdialog an der Entreprise sinn d’Theeme vun der Emissioun.
headphones

21 min

play_arrow
Zuchbegleeder bei den CFL

Zuchbegleeder bei den CFL

Mëtt Februar sinn Zich ausgefall, well et un Zuchbegleeder gefeelt huet. Elo gëtt recrutéiert. Informatiounen iwwer dee Beruff.
headphones

21 min

play_arrow
Wéi Kanner a Seniore géigesäiteg vunenee léiere kënnen

Wéi Kanner a Seniore géigesäiteg vunenee léiere kënnen

Invitéë sinn d'Auérlia Pattou (Directrice) an de Michel Delhasse (Vize-President) vun der ASBL Mouvement pour l'égalités des chances pour tous.
headphones

22 min

play_arrow
Och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënner posttraumateschem Stress | © Sylvian Eberhardt

Och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënner posttraumateschem Stress

Lëtzebuerger Zaldote leiden no Asätz am Ausland heiansdo nach jorelaang ënner deem, wat si erlieft hunn. Wéi kënne si gehollef kréien? Mir froen de Psycholog René Meneghetti an de Sylvain Eberhardt, dee selwer betraff ass.
headphones

22 min

play_arrow
Wat muss ee kënne fir Pompjee ze ginn?

Wat muss ee kënne fir Pompjee ze ginn?

D’Rettungsdéngschter vum CGDIS rekrutéieren och dëst Joer nees eng 50 Beruffspompjeeën. Mee wat muss een dofir matbréngen? Mir maachen eis am Ausbildungszenter zu Gaasperech e Bild.
headphones

20 min

play_arrow
Wéi gutt ass déi sexuell Opklärung zu Lëtzebuerg?

Wéi gutt ass déi sexuell Opklärung zu Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg ass Europameeschter, wann et ëm den Zougang zu Verhütungsmëttele geet - dat weist e rezente Ranking. Mee och d’Geschlechtskrankheeten huelen zou. Mir froen am Planning Familial no, wéi dat meiglech ass.
headphones

22 min

play_arrow
Eethesch Berodung a Strukture fir eeler Leit

Eethesch Berodung a Strukture fir eeler Leit

Dat neit Gesetz iwwer d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit schreift de Prestatairen en Eethik-Comité vir. Wéi eng Froe ginn do behandelt?
headphones

24 min

play_arrow
Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen? | © Maurice Molitor

Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen?

Nëmme Virdeeler, soen de Bruno Alves aus dem Ëmweltministère an de Guy Spanier, deen et um Beispill vun der Uelzecht beleeë kann.
headphones

23 min

play_arrow
An de Kulisse vun enger Staatsvisitt | © Maurice Molitor

An de Kulisse vun enger Staatsvisitt

Den tschechesche Staatspresident kënnt op Lëtzebuerg. Den Yves Arend aus der Maison du Grand-Duc erkläert, wéi esou eng Visitt virbereet gëtt.
headphones

21 min

play_arrow
Den neie Resistenzmusée | © MNRDH

Den neie Resistenzmusée

Live aus dem frësch renovéierte Musée National de la Résistance et des Droits Humains, deen e Freideg (1.3.) nees opgeet.
headphones

20 min

play_arrow